Déi zweetgréisst Gastronomie-Foire vun der WeltDe Magazin live op der Expogast

RTL Lëtzebuerg
2.500 Käch aus 61 Länner, 200 Produzenten an Acteuren aus der Gastronomie – an RTL ass live mat dobäi!
© RTL-Grafik

En Dënschdeg mellt "De Magazin" sech direkt vun der Expogast, der zweetgréisster Gastronomie-Foire vun der Welt. Mir fänken d'Ambiance an a kucken, wat d'Gastronomie vu muer ze bidden huet.

De Loïc Juchem ass fir eis op der Foire ënnerwee a geheit ënner anerem e Bléck hannert d'Kulisse vum Restaurant des Nations, wou all Owend ronn 700 Gäscht zerwéiert ginn.

Dobäi schwätzt hie mat engem Schüler aus der Hotelschoul, deen do eng Hand mat upéckt, a mat engem Member vun der Jury.

Den Alain Hostert, Coordinateur vun der Expogast, erkläert am Gespréich mam Olivier Catani, wéi wichteg dëse Concours fir d'Gastronomie ass an op wat ee sech um leschten Dag nach freeë kann.

Do dernieft ware mir mat der Kamera op der neier Food-Truck-Competitioun, déi dëst Joer fir d'éischt organiséiert gëtt.

Mir hunn d'Ekippen, dorënner och Lëtzebuerger, an de stressege Momenter begleet.

A mir kucken an d'Zukunft: Wéi wäerte mir muer iessen? Vun alternative Proteinnen bis hin zu neie Liewensmëttel.

Dat alles en Dënschdeg am "Magazin", live vun der Expogast!

Back to Top
CIM LOGO