Um Kierchbierg wunnen eng 6.500 Leit. Déi lescht 300 sinn elo eréischt viru kuerzem an de Quartier Réimerwee geplënnert. 

Am Projet vum Fonds Kirchberg goufen nach emol 136 Wunnenge fäerdeg a, fir datt d'Nopere sech kenneléieren, gouf e Méindeg den Owend zesumme gefeiert.

Bei där Geleeënheet sot de Logementsminister Claude Meisch, datt de Quartier Kierchbierg, dee soss eidel war wann d'Leit aus de Bürosgebaier bis Feierowend haten, amgaang ass, ze changéieren.

"De Quartier Kierchbierg gëtt ëmmer méi e liewege Quartier a mir si frou, datt mer hei um Kiem awer och an anere Projeten eng flott Mixitéit hikréien, tëschent deene Wunnengen an tëschent den Awunner. Dat gesi mer hei an deem Quartier. Et ass e Quartier mat ganz vill jonke Famillen, mat ganz vill Kanner, awer och e Quartier, wou ganz vill vun deene Leit, déi hei wunnen, och hei schaffen. Dat ass dat, wat mer jo och brauchen hei zu Lëtzebuerg, datt mer schaffen, wunnen, Fräizäit an eis sozial Aktivitéiten méi no beienee kréien."

Quartier Réimerwee: De Reportage vum Dany Rasqué

Zu den Awunner vum Quartier gehéiert zum Beispill d'Tiffany Saska. Si wunnt elo schonn zënter zwee Joer do an ass begeeschtert. Allerdéngs wier de Kierchbierg e bëssen anonym an dofir ass déi jonk Fra frou iwwer esou Initiative wéi d'Stroossefest.

"Et ginn ëmmer erëm esou kleng Initiativen, mä et ass awer wéi a sou ville groussen Appartementshaiser, wou d'Leit vun iwwerall hier kommen. Et kennt ee just déi, mat deenen ee wierklech Kontakt huet, mä et ass awer eng grouss Anonymitéit."

Duerch Initiative wéi d'Stroossefest géif bëssen en Duerfcharakter opkommen. Eppes, wat och der Ludmilla Branka gutt gefält.

"Et ass ganz wichteg, esou e Fest ze hunn. Esou ka jidderee sech kenneléieren, well et geet och ëm de Vivre ensemble. Et ass e gudden Ament, fir sech kennen ze léieren a fir iwwer d'Problemer ze diskutéieren, déi et an esou engem Quartier oder an der Noperschaft kënne ginn."

Dat sinn éischter alldeeglech Problemer, wou et ëm d'Dreckskëschte geet oder ëm de Parking.

Fir, datt d'Leit sech begéinen a sozial Kontakter kréien, suergt och d'Associatioun Kiemer Schof. Nee, mat Schof huet se eigentlech näischt ze dinn. D'ASBL huet awer no engem Lëtzebuerger Numm gesicht a sech um Enn fir dësen decidéiert. Si mécht verschidden Atelieren a suergt dofir, datt d'Leit reegelméisseg e Patt kënnen zesummen drénken, esou de President vun de Kiemer Schof, de Sebastien Dehennault.

"Mir sinn an engem Quartier, wou et just nei Gebaier gëtt, also nëmme Leit, déi bäikommen, an d'Iddi ass, datt déi vill verschidde Leit sech kënne begéinen."

Fir den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, de Maurice Bauer, ass de Quartier Réimerwee en immens flotte Projet, grad wann et ëm d'Integratioun geet.

"Mir hunn hei an der Stad eng immens Chance, well mer mat 71 Prozent Net-Lëtzebuerger, déi aus 169 Länner kommen, en immense Räichtum hunn. Et ass dat do, wat deen extraordinären Aspekt vun där Stad hei mécht. Mir sinn eng Stad wéi eigentlech net vill aner Stied op der Welt, déi sou vill Net-Lëtzebuerger oder Nationaler huet. Dat ass eng enorm flott Mixitéit vu Kulturen, vu Gebräich."

6.500 Leit wunnen elo um Kierchbierg, mä all Dag schaffen awer eng 40.000 Persounen do. Fir d'Ministesch fir Mobilitéit an Travaux publics ass dofir kloer, datt weider un deem Equiliber muss geschafft ginn.

An ënnert anerem iwwert de Bevëlkerungswuesstem um Kierchbierg schwätze mer och um 8 Auer mam Direkter vun Fonds Kirchberg. De Marc Widong ass en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.