"Do hätt een och kënnen ee Stack méi bauen"
En Dënschdeg de Moie war d'Entwécklung vum Kierchbierg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wéinst Suergen ëm d'Liewensqualitéit bremst d'Gemeng Lëtzebuerg d'Verdichtung vum Bau. "Mir géingen och gär plazeweis méi dicht bauen", esou den Direkter vum Fonds Kirchberg (de "Fuak", fir Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg) hei op RTL. De Marc Widong sot, de Fonds Kirchberg, deen dem Bauteministère ënnersteet, an d'Stater Gemeng wieren do net enger Meenung. Hien huet d'Beispill vum neie Quarter "Réimerwée" genannt, "do hätt een och kënnen e Stack méi bauen". D'Gemeng hätt dat net gewollt.
D'Argumenter, fir méi dicht ze bauen – "tout en gardant la qualité" - wieren, datt een d'Infrastruktur besser kéint benotzen a well de Präis ganz kloer géing erofgoen. Beim Projet "Kiem 2050* léich de Präis fir "abordabel" Wunnengen iwweregens "e bëssen iwwer 8.000 Euro de Meter Carré", esou de Marc Widong. Dat géing awer och nach vun der Fläch vun der Wunneng ofhänken: bei méi Fläch géing de Präis liicht erofgoen.
De Fonds Kirchberg konnt d'Terrainen um Plateau duerch d'Expropriatioun vun 1961 "bëlleg" kafen (bei der Expropriatioun goufen d'Proprietären, de Präisser vun deemools no, finanziell entschiedegt, nvdr). Um Niveau vum Verkafspräis vu senge Wunnengen géing de Fong och «d’Efforten» maachen a just dat froen wat e bräicht. De Fong géing awer d’Erschléisse vun de Felder (Stroossen, Stroum- a Waasserversuergung an Ofwaasser) finanzéieren an net un der Qualitéit vum Bau spueren, huet den Direkter nach erkläert. Am Géigesaz zu private Projeten, si fir Projete vum "Fuak" 70% vun de Wunnengen "abordabel" a just 30% zum fräie Marchéspräis.
Op d'Ausso, datt ee sech mat engem Netto-Akommes vun 3.600 Euro de Mount zum Beispill keng "abordabel" Wunnenge kéint leeschten, huet de Marc Widong geäntwert: "aktuell ass et méi schwiereg, ganz kloer". Hien ass awer der Meenung, datt d'Leit haaptsächlech Problemer hätte fir e Bien ze finanzéieren, well d’Zënse geklomme sinn.
34.000 "Kierchbierger" am Joer 2042
D'Rout Bréck gouf 1966 ageweit. Deemools gouf um Kierchbierg nach Kabes ugebaut. Antëscht wunne bal 10.000 Leit um ganze Plateau, esou d'Zuele vun der Ville de Luxembourg. Am Perimeter vum Fonds Kirchberg sinn et der aktuell 6.500 an bis d'Joer 2042 soll déi Zuel op 34.000 klammen, esou de Marc Widong.
Aktuell sinn e puer Projeten imminent, respektiv et rulle schonn éischt Baggeren: beim gréisste Projet, de "Kuebebierg", goufe scho Buerunge gemaach fir d’Geothermie ze preparéieren, aktuell ginn d'Weeër ugeluecht an d'nächst Joer entsteet d'Avenue Kuebebierg.
Wat de Quartier "Kennedy Sud" ugeet, do wiere schonn éischt Terrassementsaarbechten amgaang. Enn dës Joers géing den Héichbau fir 4 Tierm (mat 6 bis 8 Stäck) schonn ugoen. Fir déi nächst 4 Tierm géinge mat engem Decalage vun engem Joer d'Terrassementsaarbechte d'nächst Joer ugoen.
Infrastruktur packt de Wuesstem
Wie méi Awunner seet, freet dann, packt d'Infrastruktur dat? "Mat méi Leit kommen och méi Autoen, jo", esou de Marc Widong. Allerdéngs gëtt den Tram jo ausgebaut a vill Vëlosweeër si virgesinn. Donieft géing de Parkraumschlëssel, also d'Zuel vu Parkplaze pro Wunneng géing och méi déif gehale ginn, ewéi et soss an der Stater Gemeng virgesinn ass. Den Direkter vum Fuak sot och, datt ee géing kucken, d'Quartieren esou ze plangen, datt Geschäfter a Schoule no beienee wier.
Wat Stroum, Waasser an Oflaf ugeet, géing d'Infrastruktur de Projektiounen a Pläng no "ganz kloer" duergoen. Zwee nei Traffoe goufen, respektiv ginn aktuell gebaut an an neie Gebaier géing och systematesch Photovoltaik integréiert ginn. Duerch méi effizient Baue géing och manner verbraucht ginn. Wat d’Waasser ubelaangt, hätt d'Ville de Luxembourg den neien Tuerm gebaut, deen duergeet fir déi nächst Joerzéngt. Fir d’Ofwaasser géing zu Dummeldeng gekuckt ginn, datt d’Kläranlag ofgestëmmt ass.
Och wann et um Kierchbierg ëmmer méi Aarbechtsplaze géing ginn ewéi Wunnengen, wiisst d'Populatioun kloer weider. "Wann ech aus mengem Bureau kucken, gesinn ech iwwer 20 Kranen”, esou nach de Marc Widong.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.