De Poopst op e spontanen Espresso an der Ënneschtgaass
De Poopst mëscht sech spontan ënnert d'Leit a war bis an ee Café.
An der Rue Notre-Dame an der Ënneschtgaass schéngt de Poopst wärend senger Visitt am Grand-Duché Loscht op eng Taass Café, méi genee en Espresso kritt ze hunn an ass kuerzerhand hei an e Café eragaangen. Heivir huet hien dann och seng ugekënnegt Mëttespaus ënnerbrach an huet sech eraus ënner d'Leit gemëscht.
Begleet vu sengem Sécherheetspersonal, huet hie sech säin Espresso, wéi op de Fotoen ze gesinn ass, gemittlech schmaache gelooss, dat mat engem Glas Waasser dobäi. Dëst ass natierlech en aneren, ongewinnten Ubléck, wann ee bedenkt, wéi ee Sécherheetsdispositiv fir déi offiziell Visitten am Asaz war. Den André Ribeiro, Mataarbechter am Café um RTL-Mikro, war sichtlech iwwerrascht iwwert de geeschtleche Besuch.
Souguer d'Clienten, déi virdrun am Café waren, konnte, wéi et schéngt, sëtze bleiwen an de Spektakel vum Dësch aus observéieren.
Dës Aktioun dierft sech definitiv fir de Café gelount hunn, well déi souzesoe "gëttlech" Reklamm fir de Café gouf et gratis dobäi.