Timothée Parrique: "De Wuesstem bremsen oder ënnergoen"

© Dany Rasqué / RTL
De Chercheur a Spezialist an der ekologescher Makroekonomie Timothée Parrique war e Freideg fir den 20. Anniversaire vum Nohaltegkeetsrot zu Lëtzebuerg.
Hien huet seng Iddi viru Schüler, viru Journalisten an owes och virun engem méi grousse Publikum erkläert an debattéiert.
Den Timothée Parrique ass zum Beispill iwwerzeegt dovunner, datt de PIB net permanent klamme muss, fir datt de Wuelstand net a Gefor geréit. Hie proposéiert esouguer, genee de Contraire ze maachen an explizéiert, datt mam PIB net de Wuelstand gemooss gëtt, mä d'Produktioun vun enger Vollekswirtschaft an et wier Usus, datt och d'Aarmut géif an d'Luucht goen, wann et eng Croissance vun der Wirtschaft an eng Hausse vum PIB géif ginn.
A sengen Ae wier Lëtzebuerg e gudde Kandidat fir e Gank zeréckzeschalten an d'Produktioun an d'Consommatioun ze reduzéieren, fir datt eisen ekologesche Foussofdrock méi kleng gëtt. Dobäi wier et awer wichteg, dat Zeréckschalten demokratesch ze plangen, ouni déi sozial Gerechtegkeet an de Bien-être ze vergiessen:
"Wa mer dovunner schwätze fir de wirtschaftleche Rhythmus e bëssen ze bremsen, da kann een dat net egal wéi maachen. Et muss ee Prioritéite setzen. Zum Beispill net d'Schoulen zoumaachen, mä vläicht ufänken, Saachen a Servicer ze stoppen, déi ekologesch méi eng grouss Laascht sinn. Déi selwecht Choixe kann ee maachen, wann et ëm d'Wuelbefanne geet. Wann een d'CO2-Emissioune vun dëser Stad haut wéilt erofschrauwen da misst ee sech froen, op ee léiwer eng Schlittschongpist oder e Spidol géif zoumaachen. De Choix géif op d'Schlittschongpist falen, well d'Spidol dem Wuelbefanne vun de Leit méi ze gutt kënnt ewéi d'Schlittschongpist."
Eng Decroissance fir den ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren, misst awer an den Ae vum Timothée Parrique net onbedéngt bedeiten, datt een eppes ewechgeholl kritt, et geet zum Deel drëm, Gewunnechten z'änneren:
"Als Fuerscher hate mir zum Beispill d'Gewunnecht, dacks de Fliger ze huelen, fir Konferenzen ze halen. Mir hunn dee Mobilitéitsbesoin vereinfacht andeems mer eis Konferenzen iwwer Zoom halen. D'Decroissance soll een also net just als eppes Quantitatives gesinn - well et ginn och qualitativ Changementer."
Fir de franséische Fuerscher ass et awer kloer, datt een net permanent nei Léisungen erfanne kann, ouni datt d'Leit déi al Gewunnechte iergendwann musse lassloossen:
"Et geet net just ëm Innovatioun, mä och ëm Exnovatioun. D'Innovatioun ass eis Kapazitéit eppes Neies z'erfannen, zum Beispill elektresch Autoen. Dat bedeit awer net, datt all d'Autoen op der Strooss Elektroautoe sinn, dofir muss een dann déi thermesch Autoen aus dem Verkéier zéien."
D'Theese vum Timothée Parrique hält de President vum Nohaltegkeetsrot, de Romain Poulles fir eng ganz intressant Alternativ zu deem aktuelle Modell. Hien ass awer iwwerzeegt, datt e groussen Debat néideg ass, fir jidderee mat op esou e Wee ze kréien. Et misst net onbedéngt dee vum Timothée Parrique sinn, mä mir bréichten en anere Modell, well deen aktuellen einfach net méi nohalteg wier:
"Ee vun de Sujeten, dee mer jo elo alleguer kennen, dat ass eise Pensiounssystem, dee gebonnen ass un dës Croissance an dat féiert relativ kuerzfristeg zu enger Rentemauer an déi mer rennen, wéi et fréier genannt gouf. Also zu enger relativ dramatescher Situatioun, wann d'Politik net déi néideg Schrëtt mécht fir dee System unzepassen."
Fir säin 20. Gebuertsdag bréngt den Nohaltegkeetsrot och eng Serie vu Podcasten eraus, ënnert dem Titel "Ee Planéit, 20 Zukunften". Deen éischte mat der Anouk Hilger, der Cheffin vun den Erneierbaren Energië bei Enovos ass leschte Freideg erauskomm, Enn der Woch gëtt et deen Zweeten, mat engem anere Gaascht.