DHN
CNS an AMMD fannen Accord zu App fir medezinesch Demarchen

D'Gesondheetskeess CNS an d‘Dokteschassociatioun AMMD si sech no jorelaangem Sträit eens ginn, wat de sougenannten DHN ugeet.
Dëst ass eng privat Entreprise, déi eng digital Applikatioun entwéckelt huet, iwwert déi Patienten hir Dokteschrechnungen, Ordonnancen, Resultater vun Analysen an esou weider kéinte kréien. Den DHN ass vun der AMMD matgegrënnt ginn, ma bis ewell huet de Staat refuséiert, mat deem Outil ze schaffen.
Detailer iwwert den Accord tëscht AMMD an CNS ginn et keng. An engem Schreiwes deele béid Acteure just mat, datt si en Accord fonnt hätten, wéi den DHN soll weiderentwéckelt respektiv an den digitalen Ecosystem vun der CNS integréiert ginn.
Am meeschte gelies