Gouf et am Theatergrupp vum Escher Meedercherslycée net-ubruecht Verhale mat sexueller Konnotatioun? Där Fro geet de Parquet zanter November 2024 no.

Wéi den Educatiounsministère matdeelt, war d'Direktioun vum Lycée Hubert Clément Enn Oktober zejoert doriwwer informéiert ginn, datt et wuel e "sexuell motivéiert Feelverhalen" wärend enger Aktivitéit vum Jugendtheater vun der Schoul gouf.

An deem Kader gouf et en Dënschdeg de 7. Januar op Uerder vum Parquet Ermëttlunge vun der der Sektioun "Jeunesse et infractions à caractère sexuel" vun der Police judicaire. Betraff ware Büroen an Haiser vu Proffen an aktuellen a fréiere Schüler vum Lycée, déi all eppes mam Theatergrupp vum Meedercherslycée ze dinn hunn. Dës concernéiert Leit - Erwuessener a Mannerjäreger - goufen dann och wéinst de Reprochë vu sexuell net ugepasstem Verhale gehéiert.

Den Educatiounsministère deelt iwwerdeem mat, datt bis op Weideres d'Aktivitéite vum Theatergrupp Namasté op Äis geluecht ginn an déi responsabel Proffe vun hirem Engagement entbonne sinn. De Schoulbetrib vum Escher Lycée wier iwwerdeem duerch d'Enquête net affektéiert, heescht et aus dem Ministère.

Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.