Stéphanie Weydert léisst Reprochë vun Interessekonflikt net gëllen

© RTL
Nieft dem Interessekonflikt, den der Presidentin vun der Caritas-Spezialkommissioun reprochéiert gëtt, huet d'Finanzopsiicht CSSF hire Rapport virgestallt.
An der Chamber-Spezialkommissioun zur Caritas-Affär ass e Mëttwoch d'Fro opgeworf ginn, ob d'Presidentin vun där Kommissioun Stéphanie Weydert dës Funktioun iwwerhaapt neutral kéint ausféieren. Dat, well si als Affekotin fir eng Etüd geschafft huet, déi elo, wéi et schéngt, eng vun den involvéierte Banken an där Affär vertrëtt. D'Fondatioun Caritas a Caritas Accueil et Solidarité haten der Affekotin an engem Bréif un d'Kommissioun en Interessekonflikt reprochéiert.
D'Stéphanie Weydert weist dëse Reproche awer vu sech. Si géif zanter November 2023 net méi als Affekotin schaffen, si hätt all hir Dossieren ofginn a si hätt nach net emol méi e Büro an där Etüd. Zanterhier huet si nämlech fir hir Mandater als Buergermeeschtesch an Deputéiert 40 Stonnen d'Woch Congé politique.
Oppositioun wëll méiglechen Interessekonflikt evitéieren
No enger längerer Diskussioun an der Kommissioun ass trotzdeem festgehale ginn, datt den Ethik-Comité vun der Chamber an de Bâtonnier nach ëm hir Avisen dozou solle gefrot ginn. Dat fir all Zweiwel aus dem Wee ze raumen. Virdrun hat schonn den Affekot an Deputéierte Laurent Zeimet op deem Posten demissionéiert, fir e méiglechen Interessekonflikt z'evitéieren.

© Pedro Venancio
Virop d'Oppositioun wëll all Zweiwel aus dem Wee raumen, wéi d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding erkläert. "Bon, um Site ass awer nach hire ganze Portfolio. Do kann ee si jo och nach iwwer E-Mail kontaktéieren. D'Telefonsnummer steet nach do. Ech mengen, do versteet een, dass mir do schonn e bësse stutzeg sinn, well mer eben awer déi Neutralitéit hei wëllen an eiser Aarbecht hunn an eben all méiglechen Interessekonflikt wëllen aus dem Wee geraumt hunn, well mer schonn eng Kéier an der Situatioun do waren."
D'Stéphanie Weydert huet iwwerdeems d'Gefill, datt d'Caritas mat deem Bréif just wéilt evitéieren, direkt ze soen, datt si net wëllen an d'Kommissioun kommen.
CSSF mécht Rapport, deen d'Chamber awer net wäert kréien
Invité e Mëttwoch an der Kommissioun war de Generaldirekter vun der Finanz- a Bankenopsiicht CSSF, Claude Marx. Hien huet den Deputéierten erkläert, datt de legale Kader am Beräich vu Fraude a Blanchiment gutt genuch wier, ma ee kee kéint dorun hënneren, géint esou Gesetzer ze verstoussen.
Ob déi concernéiert Banken dogéint alles richteg gemaach hunn, huet d'CSSF iwwerpréift an hält dat an engem Rapport fest, deen um Enn awer just d'Banke wäerten ze gesi kréien. Just am Fall, an deem d'Banke sanktionéiert géifen, géif dat public ginn. Deemno gëtt et aktuell wuel kee legale Kader, fir datt d'Regierung oder d'Chamber dëse Rapport ze gesi kréien. De Rapport soll Enn Mäerz fäerdeg sinn.