E Mëttwoch de Moie kënnt d'Chamber-Spezialkommissioun fir d'Caritas-Affär beieneen.

Elo gëtt awer d'legal Basis vun der Spezialkommissioun a Fro gestallt, well schonn eng penal Enquête géing lafen. Esou ënnert anerem d'Reprochen an engem Bréif un d'Chamber vun der Fondatioun Caritas a Caritas Accueil & Solidarité, deen RTL virläit.
 
Doriwwer eraus kritt do d'Presidentin vun der Spezialkommissioun Stéphanie Weydert en Interessekonflikt reprochéiert.
D'CSV-Deputéiert wier Affekotin an der Etüd Arendt & Medernach. Dës Etüd géif eng vun de Banke vertrieden, déi den Ament am Viséier vun der Caritas-Enquête sinn.  
 
Als Rappell: An der Affär geet et ëm Detournementer vun 61 Milliounen Euro.