De Gemengesyndikat Syvicol verlaangt eng Gläichbehandlung vun de Gemenge bei de Subventiounen.

Zejoert huet de Syvicol 39 Avisen zu Gesetzprojeten a groussherzogleche Reglementer geschriwwen. De Gemengesyndikat gëtt mëttlerweil méi systematesch consultéiert ewéi fréier an doriwwer sinn déi Responsabel frou. Allerdéngs bléif nach Loft no uewen, sou den Tenor um Neijoerschpatt.

Revendicatioune vum Syvicol / Pit Everling

A punkto Revendicatioune gëtt ënner anerem eng Gläichbehandlung vun de Gemenge bei Subventioune verlaangt. Deelweis géif et extreem Ënnerscheeder tëschent de Gemengen, seet de President Emile Eicher a verlaangt eng Harmoniséierung vun de Krittären: "De Moment ass all Ministère beméit, seng eege Konditiounen ze stellen, seng Delaien, seng Finanzéierungsmodalitéiten."
 
Och eng Upassung vun de Subventiounen un d’Inflatioun wier néideg.
 
Aner Fuerderunge un de Staat sinn eng Prise en charge vum informatesche Material an de Grondschoulen, eng méi grouss Ënnerstëtzung bei de Crèchen a Maisons relaisen oder nach eng Simplification administrative beim Logement abordable.

Wou et Revendicatioune gëtt, gëtt et beim Syvicol och Zefriddenheet, wa mer zum Beispill beim abordabele Logement bleiwen. De Serge Hoffmann, Member vum Syvicol-Büro a Buergermeeschter vun Habscht: "Wann een eppes als Gemeng dran investéiert an dat net subventionéiert gëtt, ob een dann dorobber kéint eng Kapitalvergütung kréien. Dat war bis elo fir d'Gemengen exclu. An do huet den Här Meisch ons awer elo versprach, dat géing dann och elo fir d'Gemengen agefouert ginn."
 
Frou ass ee beim Syvicol och, datt d’Gemenge bei der Participatioun un CGDIS finanziell entlaascht gi sinn.

E weidert wichtegt Thema ass an den Ae vum Syvicol d’Formatioun vu Gemengemandatairen. No de Gemengewalen hunn 339 gewielte Leit bei enger Formation initiale matgemaach.  Am Moment gëtt et d’Iddi, fir och eng Formation continue unzebidden. Do geet et zum Beispill ëm d’Ëmsetzung vun der Démocratie participative oder ëm d’Ofhale vun ziville Gedenkzeremonien.

De Guy Altmeisch, Déifferdenger Buergermeeschter a Member vum Syvicol-Büro: "Wat nach eng Saach ass, wou mer eis elo op de Fändel geschriwwen hunn, dat ass de Management mam Personal."

Rezent Beispiller vun Onstëmmegkeeten a Gemengenadministratioune wéilt een iwwerdeems am Detail net kommentéieren, sou déi Responsabel vum Syvicol. Allerdéngs géing ee kee generelle Malaise bei de Gemengeverwaltunge feststellen. Beim Gemengesyndikat gëtt an deem Kontext och op d’Méiglechkeet vun engem Mediatiounszerwiss verwisen.