Primär Medezin nees méi bekannt maachen
Bei den Hausdokter goen, fir vill vun eis ganz normal. Fir vill Awunner, déi aus aneren Ecker vun der Welt kommen, wär dat net onbedéngt de Fall.
30% vun de Leit am Land hätte keen Allgemengmedeziner, sot de President vun der AMMD, der Doktesch an Zänndokteschassociatioun viru kuerzem als Invité vun der Redaktioun um Radio.
Eng vun den Ursaachen: Vill Leit géifen d’primär Medezin, d’Aarbecht vum Hausdokter net kennen. Wéissten och net wéi eise Gesondheetsystem opgebaut ass, erkläert den Dr Kevin Prohaska vum Cercle des Médecins Généralistes. "Well a ville Länner gëtt et just Policliniquen, d’Urgencen, do ass zum Beispill d’Struktur vun de Maisons médicales guer net bekannt.”
Sënnvoll fir d’éischt bei den Hausdokter ze goen
Oder d’Leit ginn direkt bei de Spezialist. Dat ass och zu Lëtzebuerg ëmmer méi de Fall. Dobäi ass et sënnvoll bei den Allgemengmedeziner ze goen. Well verschidde Pathologië verschidden Ursaache kënnen hunn. Beispill Péng an der Broscht. “Dat ka cardial sinn, dat kann iwwer d’Longe sinn, dat kann awer och orthopedesch sinn. D.h. de Patient denkt, en huet d’Broscht wéi, da lafe mer bei de Kardiolog, well dat jo dat Schlëmmsten ass. Dat ass et awer finalement net. De Primärmedeziner, den Allgemengmedeziner, mécht seng Diagnostik wéi gesot am Globalen an da kann e gegebenenfalls orientéiere bei Bedarf.”
Ausserdeem kënnen och d’Hausdoktere, wa se dann dofir opgestallt sinn, Bluttanalysen oder Echographië maachen a Wonnen zoubitzen.
Et feelt awer och un Hausdokteren
Allerdéngs hu mer och net genuch Generalisten am Land. Wuel wieren der eng 8-900 beim Collège médical ageschriwwen. Den Dr Prohaska schätzt, datt der awer just ëm déi 2-300 dovunner an der primärer Gesondheetsversuergung aktiv sinn. Dat Duebelt awer wär néideg. Vill Allgemengmedeziner sinn och geschwënn am Pensiounsalter.
D’Problematik ass net nei. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez zeechent eng Rei Piste fir se unzegoen. “Déi Hausdokteren déi do sinn, musse mer mol besser vernetzen. Mat de Spideeler a mat de Spezialisten. An déi Hausdoktere sinn och am gaang sech ze organiséieren. Mir hunn eng Rei Centre médicauxen, wou 4-5 Generaliste sech zesummen dinn. A mat deene Generalisten zesumme wäerte mer eng Campagne fir den Hausdokter maachen, fir datt d’Leit gesinn, wou se mussen higoen a wat den Hausdokter och bréngt."
Den Dr Prohaska plaidéiert souguer fir e Cours iwwer d’Education à la Santé an de Schoulen. Vill Leit hätte mol kee Paracetamol méi doheem, wéissten net wat maachen, wa se mol Féiwer oder Bauchwéi hätten. Ausserdeem géifen d’Online-Recherchë beim Dokter Google d’Patienten och veronsécheren. “Dofir denken ech, wann et esou ee Fach géif ginn, dat géif scho vill hëllefen.”
E besseren digitale Patientendossier
Fir de Beruff vum Hausdokter méi attraktiv ze maachen, misste méi Gruppepraxe geschaf ginn. Stéchwuert Work-Life-Balance. Wichteg och eng besser informatesch Vernetzung tëscht den Dokteren. Virop tëscht deenen, déi net am selwechte Cabinet schaffe, mee an engem Reseau a sech d’Permanencen opdeelen. Fir de Kevin Prohaska ass et awer och wichteg, datt den digitale Patientendossier iwwerschafft a verbessert gëtt. Den DSP soll jo och eng wichteg Roll spille fir Patiente mat chronesche Krankheeten. Dat schéngt awer nach ëmmer net ze klappe wéi erwënscht.
“Souguer Patienten erzielen eis, datt si eis als Referenzdokter agesat hunn. A mir kommen net eran! Informatesch blockéiert dat immens. Et ass immens komplizéiert fir eis eeler Bevëlkerung, wou der vill ebe grad e Referenzdossier brauchen”, gëtt den Hausdokter vun Housen ze bedenken.
An och déi héich Immobiliëpräisser wären net fërderlech, fir jonk Allgemengmedeziner aus dem Ausland unzezéien. De Vertrieder vum Cercle vun de Generalisten ënnersträicht, datt et grouss Ënnerscheeder gëtt tëscht dem Hausdokter sengem Akommes an deem vu Confrèreren aus anere Fachrichtungen.