Dräi interessant RepreneurenMataarbechter vu Liberty Steel kruten zanter September keng Pai

Jeannot Ries
Fanny Kinsch
D'Situatioun fir d'Mataarbechter vum Stolwierk zu Diddeleng ass alles anescht wéi ideal. D'Gewerkschafte stinn hannert de Leit, wann et ëm d'Reprise geet.
Et ginn dräi méiglech Repreneure fir Liberty Steelt
D’Mataarbechter, déi aktuell zu Diddeleng ugestallt sinn, kruten zanter September keng Pai méi.

Am Dossier Liberty Steel kéint et dës oder d’nächst Woch zu engem neien Ament kommen. D’Gewerkschafte rechnen domat, datt geschwë konkret Offere vun den interesséierte Repreneure kommen. Fir OGBL an LCGB ass d’Konditioun, datt d’Personal, haut nach ronn 140 Leit, iwwerholl ginn. D’Personal wier motivéiert an asazbereet. Den Aschätzunge vun de Mataarbechter no kéint d’Wierk bannent 6 Méint nees lafen.

Dës oder d’nächst Woch kéint eng konkret Offer op den Dësch kommen, fir d’Stolwierk zu Diddeleng z’iwwerhuelen. Aus der Siicht vun de Gewerkschaften no ginn et dräi interessant potentiell Repreneuren. Zanter zwee an engem hallwe Joer gouf op der fréierer Galvalange näischt méi produzéiert. D’Salariéen, déi nach bleiwen, kruten zanter September keng Pai méi. Eng schwéier Situatioun ma elo gëtt et beim Personal Hoffnung op eng Léisung.

Difficile d’accepter que depuis plus de trois ans, les problèmes liés à Liberty ont été signalés et remontés à tous les étages du Gouvernement, de se retrouver dans une situation plus qu’incertaine.

Et huet ee keng Wierder, et ass een traureg, et seet ee sech, dat ka jo nach net passéieren, esou eppes. Du baus deng Zukunft op op eppes hei, du has Vertrauen, et huet alles ëmmer hei geboomt. An da geschitt dat doten, et ass schwéier ze verstoen.”

Den Hubert Lacouture schafft zanter 30 Joer am Stolwierk zu Diddeleng, d’Sylviane Gambini zanter 39 Joer. Si gehéieren zu de ronn 140 Leit, déi haut nach fir Liberty Steel schaffen. 140 Salariéen, déi an den Ae vun de Gewerkschaften all missten iwwerholl ginn.

C’est la chance que nous avons, c’est de pouvoir, pour un repreneur, lui garantir qu’il y a le personnel nécessaire, compétent et motivé pour redémarrer l’usine. C’est un point extrêmement positif”, esou de Robert Fornieri vum LCGB. De Marché wier do an d’Clientë wieren och nach ëmmer interesséiert. Hie géing un eng Reprise gleewen.

D’Gewerkschafte wiere prett, fir eng Reprise z’ënnerstëtzen, sou iwwerdeems de Stejano Araujo vum OGBL. “Wa mer e seriö Repreneur hunn, dee bereet ass, all Mënsch zréckzeruffen an ze behalen, dee wäerte mer ënnerstëtzen, mat all de Moyenen, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn. Sozial Moyenen. Ech menge mir hu verschidden Instrumenter, fir eng Reprise progressive z’erméigleche vun engem Wierk.

Extrait Sylviane Gambini

Déi lescht Pai, wou mer krut hunn, dat war fir de September. An do ware mer dann Oktober an November ouni Suen. Gott sei Dank hu mer dunn e klenge Virschoss kritt fir d’Suen de départ, wat dann eben, esou gläichméisseg war vläicht vu bal zwee Méint”, erkläert d’Sylviane Gambini. “A jo, vun do aus u kënnt erëm näischt méi. Dat heescht, mir hunn nach kee Chômage kritt vun Dezember a Januar. Wann s de lo Elengerzéier bass, ech mengen, da kucks de domm dran. Ech si frou, ech hunn e Mann, an ech hu Kanner, also déi kënnen nach ëmmer hëllefen, och wann et misst sinn.

De Mataarbechter Hubert Lacouture geet dovunner aus, datt et ongeféier 6 Méint géing daueren, bis d’Wierk nees lafe kéint. “La galvanisation demande d’avoir des bains de revêtements à chaud, d’aluminium et de zinc, ces installations ont été vidées, parce que le coût de maintien était très important, on consomme énormément d’électricité pour maintenir nos fours en activité, donc ces fours ont été vidés, donc il faut les remettre en état, les remplir.

D’Personal hofft op eng Léisung, vläicht schonn dës oder nächst Woch. Elo eng nei Aarbecht ze fannen, wier fir vill vun hinnen alles anescht wéi evident.

Méiglech Reprise Liberty Steel / Reportage Fanny Kinsch

Back to Top
CIM LOGO