Am Juli 2023 hu mer eng éischte Kéier iwwer den Immobilieprojet Ouschterbuer zu Uewerkuer bericht. Deen ëmfaasst 15 Appartementer a 26 Haiser.

Suite Immobilieprojet Cité Ouschterbour zu Uewerkuer / Reportage Marc Hoscheid

Eng Partie vun de Leit, déi hei am Joer 2023 Haiser kaaft haten, hu sech doriwwer opgereegt, datt de Chantier net viru goung. Dat, well den internationale Promoteur Capelli d'Baufirmen net bezuelt huet. Mëttlerweil gëtt et een neien Ament. Mat der Oschterbour SA, déi zum Grupp Capelli gehéiert, ass déi Entreprise, déi de Projet realiséiere sollt, faillite. 19 vun den Haiser sinn nach net am Besëtz vun de Keefer, déi elo an eng nach méi onsécher Zukunft kucken.

Se wëssen net esou richteg, ob se iwwer d'Faillite erliichtert solle sinn oder net. De Jeff Wagner huet zesumme mat senger Fra een Haus an der Cité Ouschterbour kaaft a beschreift seng Gefillslag:
 
"Et huet een et iergendwéi ëmmer erwaart, mee schlussendlech erféiert een awer, well ee weess, et ass jo awer Capelli SA, eng grouss international Boîte, déi hannert deem Ganze steet. Dat heescht, et ass een awer erféiert."

Den Numm um Acte de vente passt net bei den Numm op der Garantie

Et wier ee vu Capelli per Mail iwwer d'Faillite vun der Oschterbour SA informéiert ginn. Am Schreiwes hätt een zudeem recommandéiert kritt, wéinst der Garantie d'achèvement d'Assurance ze kontaktéieren. Esou eng Garantie ass bei VEFA-Projete Flicht a spillt, graff resuméiert, an deem Fall, wou de Promoteur de Projet net weidermaache kann an d'Käschte fir de Keefer iwwert deem leien, wat e sengem VEFA-Kontrakt no am Fong nach bezuele misst. A verschiddene Fäll gëtt et awer ee Problem, wéi nach eng Kéier de Jeff Wagner erkläert.
 
"Do hu mer mussen eisen Acte de vente, d'Garantie eraschécken. Do krute mer gëschter [U.v.d.R: Dënschdeg] d'Réckmeldung, datt op där Garantie steet, datt mer ee Kontrakt mat Capelli SA hunn an net mat Oschterbourg SA an datt si deementspriechend do lo net asprangen. Par contre ass haut een, ech nennen et lo mol Réckzéier komm, datt se déi ganz Situatioun nach eng Kéier analyséieren an op eis zeréckkommen. Sou datt mer lo rëm, wéi déi lescht fënnef Joer, einfach waarden."
 
Vum Alessandro Rizzo, CEO vun EuroCautioun, déi als Intermédiaire tëscht der Assurance Stonefort an de Versécherten agéiert, heescht et iwwerdeems, dat wier kee Refus gewiescht.

"De Garant huet kee Refus ausgestallt. Hien huet lo just momentan deklaréiert, e ka keen Dossier opmaachen an dat gëtt lo analyséiert. Dat ass eng Situatioun inédite, eleng Stonefort huet mengen ech 20.000 Garantien dobaussen an dat ass nach ni geschitt an 12 Joer wou se aktiv sinn. Dofir muss dat lo mol juristesch analyséiert ginn an dono positionéiert sech de Garant vis-à-vis vun den Aquéreuren."

De Promoteur gëtt der Assurance d'Schold
 
D'Leit hätten déi komplex juristesch Mail vläicht falsch verstanen, dowéinst hätt een an enger zweeter präziséiert, datt d'Garantie d'achèvement valabel bleift, mee een den Dossier am Fong analyséiere misst. Mat enger Situatioun inédite ass gemengt, datt op verschiddene Garantien den Numm Oschterbour SA an op aneren den Numm Capelli Lux SA steet. Dobäi heescht et vu Capelli op Nofro hin, datt all d'Actes de vente mat der Trägergesellschaft vum Projet an net mat Capelli ofgeschloss goufen. Fir all Lot géing och eng Garantie futur achèvement vun EuroCaution gëllen. EuroCaution agéiert als Intermediaire tëscht der Assurance Stonefort an de Versécherten. Datt op verschiddene Garantien den Numm Capelli Lux SA steet, wier den Informatioune vu Capelli no op ee mënschleche Feeler bei EuroCaution zeréckzeféieren. [★]
 
Trotzdeem kréien d'Leit geroden, sech un de Curateur vun der Ouschterbour SA an hiren Notaire ze adresséieren. 
 
"Ech mengen de Curateur representéiert jo haut Oschterbourg SA an den Notaire huet den Akt gemaach. An den Notaire ass jo do, fir d'Clienten och ze conseilléieren. Mir si keng Conseiller juridiques bei EuroCautioun oder bei Stonefort."

Leit wollten Dedommagement vu Capelli akloen
 
Verschidde vun den Aquéreuren haten iwwerdeems onofhängeg vun der Faillite vun Oschterbour SA scho virun enger Zäit juristesch Schrëtt an d'Weeër geleet.
 
Florence Villette (huet een Haus an der Cité Ouschterbour kaaft): "A la base, c'était contre Capelli, on avait lancé une demande de dédommagement, mais finalement le promoteur a fait faillite entretemps. On attend de voir, si on va recevoir une réponse. Pour l'instant, il y a encore beaucoup de questions auxquelles on peut pas encore répondre sur la suite du projet. Et le problème c'est, qu'on est quatre maisons mitoyennes, donc il faudrait que l'on puisse avancer tous les quatres en même temps, si on veut pouvoir avoir nos maisons à jour."

Dem Alessandro Rizzo no gëtt et bei deene meeschte Leit guer kee Problem bei der Garantie d'achèvement. Trotzdeem wëllen eng Partie vun hinnen net dorobber zeréckgräifen, well si fäerten, duerch déi zousätzlech Expertisen, déi an deem Fall gemaach ginn, rëm e puer Méint ze verléieren. Sou zum Beispill d'Jennifer Vitriolo:

"Ech gräifen net op déi Assurance zeréck, ech wäert d'Haus mat anere Societéite selwer fäerdeg maachen. Wat warscheinlech wäert geschéien, ass, datt alles wat dran ass, erausgerappt gëtt. Dat heescht d'Elektrescht, d'Waasserleitungen an et gëtt vun Null ugefaangen. Méi ass do an zwee Joer net geschitt, ausser datt lo Fënsteren dra sinn an d'Elektrescht."

Leit kréie geroden, d'Haus net eleng fäerdeg ze bauen
 
Bei den Assurancë kann een dat zwar novollzéien, mee et réit een de Leit awer dovunner of.
 
"Dat ass een enorme Risk fir déi Famillen. Well wa se lo einfach lassfueren, a soen, ech bauen, mir si keng Ingenieuren, si si keng Ingenieuren an haut musse ganz technesch Expertise gemaach ginn. A jo, si hunn héchstwarscheinlech ze vill bezuelt, mee et kascht deier, een Haus fäerdeg ze bauen an de Garant ass jo do, fir den Achèvement ze bezuelen, dat ass jo seng Aarbecht."
 
D'Jennifer Vitriolo ass Mamm vun dräi Kanner a muss den 1. November aus hirer Wunneng eraus. Wéi si aus hirer viregter Wunneng eraus gemusst huet, hätt si Problemer gehat, een neien Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Deemools hat si ee Bréif un de Familljeministère geschéckt a krut gesot, wa si a finanziell Problemer gerode géing, sollt si sech un den Office social wenden. D'Äntwert gesäit si och nach haut kritesch.
 
"Wou hir Äntwert ganz kloer war, datt ech éischtens ze gutt verdéngen, donc kéint ech entweder an den Hotel wunne goen oder op de Camping mat de Kanner. Wou ech d'Welt net méi verstanen hunn, well mir hunn awer vill Sozialhaiser hei zu Déifferdeng, Sozialwunnengen. A wou ech hir dat um Telefon gesot hunn, krut ech als Äntwert, jo mir hunn der, mir hunn der och, déi fräi sinn, mee mir kënnen Iech keng ginn, well Dir kee Refugié sidd."

Oschterbourg SA kéint nach virun der Faillite gerett ginn
 
Beim Service Logement vun der Gemeng Déifferdeng weist een op Nofro dorobber hin, datt ee beim Logement abordable keng Wunnengen huet, déi spezifesch fir Refugiéë reservéiert sinn. Déi interesséiert Leit géingen onofhängeg vun hirer Hierkonft d'selwecht behandelt a missten alleguer online een Dossier ausfëllen. Dono géinge si op Basis vun enger Enquête sociale an engem Punktesystem bewäert. Et kéint awer gutt sinn, datt eng Persoun, déi an engem Foyer wunnt, méi Punkte kritt wéi eng Persoun, déi schonn um éischte Wunnengsmarché ass.
 
Wat d'Zukunft vun der Cité Ouschterbuer ugeet, gëtt et fir d'Leit iwwerdeems nach eng weider Inconnue. Et géing nämlech nach d'Méiglechkeet bestoen, datt Capelli d'Oschterbuer SA duerch d'Bezuele vun de Scholden nees aus der Faillite eraushëlt. An deem Fall wieren net méi d'Leit selwer, mee nees d'Entreprise de Maître d'ouvrage vum Projet. Egal wéi wuel een Dossier à suivre.

Erklärung: Wat ass eng Garantie d'achèvement? (mam Me Mario Di Stefano, Avocat à la Cour)

[★]

EuroCautioun weist dës Duerstellung zeréck. Hei d'Schreiwes.
 
Och Capelli huet sech nach eng Kéier zu Wuert gemellt. Hei d'Schreiwes:
 
Nous ne souhaitons pas rentrer dans la polémique de savoir qui est responsable du contenu, des éventuelles imprécisions ou confusions et de l’émission de certaines attestations de garantie d’achèvement au nom de CAPELLI LUX SA car d’une part, notre unique préoccupation est de s’assurer que les clients concernés puissent actionner les garanties dont ils bénéficient et d’autre part, nous maintenons notre position sur la pleine validité de l’ensemble des garanties.

En effet, il est bien indiqué dans le contrat d’assurance d’achèvement de BUILDERS DIRECT SA représentée par EUROCAUTION SA que le preneur d’assurance est CAPELLI SA et CAPELLI LUX SA et l’assuré est défini en annexe. Dans cette annexe, l’assuré nommé est OSCHTERBOUR SA qui porte et réalise l’opération.

De plus, toutes les attestations de garantie produites par la compagnie d’assurance visées et annexées dans les actes de vente sont nominatives, elles visent les clients, le numéro du bien vendu avec le descriptif et le prix de vente.

Il est important de souligner également que l’ensemble des primes afférentes ont été acquittées via le compte bancaire d’OSCHTERBOUR SA et que le garant les a encaissées sans jamais émettre aucune remarque et qu’encore en décembre 2024, il a été réglée la prime correspondant au dépassement de la durée des garanties.

Aussi, nous ne saisissons pas pour quelle raison, le garant pourrait refuser d’entrer en matière et nous n’acceptons pas qu’il puisse se défaire de son obligation contractuelle.

A Capelli distanzéiert sech mëttlerweil och vum Ausdrock "mënschleche Feeler" respektiv "erreur humaine", elo schwätzt ee léiwer vun "imprécisions non intentionnelles".