Zu Uewerkuer waarden Hausbesëtzer op hir véier Wänn
Well de Promoteur d'Baufirmen net bezuelt huet, leeft aktuell näischt um Chantier. Déi finanziell Situatioun ass ugespaant.
Si hunn et nawell déck do sëtzen zu Uewerkuer. Stellvertriedend fir all d'Proprietäre vun den Haiser treffe sech dräi Hausbesëtzer mat eis an der Cité Ouschterbuer. Aktuell deet sech hei näischt, u verschiddene Gebaier gouf zanter Méint net méi geschafft. Firwat dat esou ass, doriwwer kënnen déi Betraffe just spekuléieren.
René Berchem (Proprietär vun engem Haus): "Kënne mer Iech beim beschte Wëllen net soen, dat heescht et ass lo schonn ee Mount, wou hei näischt méi gemaach gëtt. Mir si jo lo kuerz virum Congé collectif, keng Anung."
Nofro: "Mee Dir hat awer mat de Bauentreprise geschwat?"
René Berchem: "Indirekt si mer gewuer gi vun Entreprisen, mee bon mir hunn näischt Schwaarz op Wäiss. Déi hu gesot, si géifen net bezuelt ginn, dofir packe se hir Saachen a se ginn. Dofir gëtt hei och net méi geschafft.
D'Firma Capelli sot och, do wieren e puer Fäll gewiescht, wou si keng Rechnung bezuelt hunn. Mä dat géing dee Moment un de Firme leien, datt déi d'Rechnungen net richteg ausgefëllt hu respektiv ze vill géinge froen. Dat wier net sou ausgemaach a dofir géinge si déi Firmen net bezuelen. An dat war et och. Ob dat elo wierklech de Fall ass, dat kann ech Iech beim beschte Wëllen net garantéieren."
Beim Promoteur handelt et sech ëm déi international aktiv Firma Capelli, déi och eng Agence zu Lëtzebuerg huet. Op Nofro hi verweist ee mat Bléck op de Retard fir d'éischt op d'Corona-Pandemie an den Ukrain-Krich. Ma d'Firma gëtt awer och zou, datt et an der Lescht effektiv Probleemer bei der Gestioun vu Fournisseurs-Rechnunge ginn hätt. Dat well et eng Partie personell Verännerunge goufen. Et wier een awer elo derbäi, d'Probleemer ze behiewen an et géing een d'Entreprisen opfuerderen, esou séier wéi méiglech rëm un d'Aarbecht ze goen. Dat wier och net vu Muttwëll, well verschidde Famillje dreeën, finanziell Problemer ze kréien.
Jeff Wagner (Proprietär vun engem Haus): "D'Bank spillt lo net méi mat, déi hätt elo gär d'Sue vun deem Haus hei. Mam aktuellen Zënssaz, dee massiv an d'Luucht gaangen ass, deet dat richteg wéi. Plus deen aktuellen, mir wunnen an engem Appartement, och do ass nach ee Prêt zeréckzebezuelen. Also, mir hunn zwou Paien, mee et gëtt elo richteg enk."
Jennifer Vitriolo (Proprietärin vun engem Haus): "Ech sinn elengerzéiend Mamm. Ech hunn een Appartement en Vente gesat, fir kënnen deemnächst an dat heiten eranzeplënneren. Et ass awer elo sou, datt ech ee Kontrakt mat der Bank hat, dee Kontrakt ass zum Enn komm. Elo muss d'Bank rëm dee ganzen Dossier zeréckhuelen a kucken, ob ech iwwerhaapt nach d'Sue geléint kréie kann."
Déi Betraffen hu sech iwwregens och mat engem Bréif un de Logements- an de Familljeminister souwéi den Déifferdenger Buergermeeschter adresséiert. Ma wann een den Erklärunge vu Capelli gleewen duerf, missten hei deemnächst rëm d'Aarbechter urécken. Affaire à suivre deemno.