Quasi a Rekordzäit sinn iwwert déi lescht zwee Joer bei der Villa Hadir zu Déifferdeng ee Gebai ausgebaut an en neie Komplex bäigebaut ginn. Dat neit Gebai ass zwar schonn hallef a Betrib, ma gëtt de 26. Februar offiziell ageweit. Aktuell sinn eng 100 Schüler um Déifferdenger Site ageschriwwen, bis dato reng an der Beruffsausbildung. D’Coursë ginn op englesch gehalen.
Vu September dëst Joer u ginn och 7ième Generalklassen ugebueden, och op franséisch, sou datt d’Zuel u Schüler sech séier wäert verduebelen. De Lycée zu Déifferdeng huet eng Gesamtkapazitéit vu bis zu 400 Schüler.
Bis ewell géif et an der drëttgréisster Stad am Land, mat iwwer 30.000 Awunner, nach kee Lycée ginn, deen den Enseignement Secondaire Général (ESG) géif ubidden, erkläert den Direkter vum LPEM, de Pascal Thill.
“Mir schafen hei eng Offer fir déi jonk Schülerinnen a Schüler zu Déifferdeng, déi wëllen an den ESG kommen, an natierlech och iwwert d’Gemeng ewech, well mer der Meenung sinn, dass mer hei kënne mat eiser pedagogescher Approche, mat Enseignanten sur Site, mat méi klenge Klassen, mat engem Lycée, deen awer e bëssen à Taille humaine funktionéiert, kënnen eng Zukunft fir déi Jonk schafen.”
De Lycée privé Emile Metz ass zwar privat, mee d’Aschreiwunge si gratis. Den 8. Mäerz ass Porte ouverte souwuel um Site zu Déifferdeng wéi och zu Dummeldeng.