E Freideg de Mëtteg hat de Stater Parquet an dee vun Dikrech stënterlech op eng Pressekonferenz invitéiert.

"Et ass e groussen Dag fir eist Land a fir Europa am Kampf géint Drogen!"

Dat huet de Policeminister Léon Gloden e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz mam Parquet Stad an Dikrech betount. Déi gouf kuerzfristeg aberuff, nodeems en Donneschdeg honnerte vu Päck mat Kokain zu Lëtzebuerg fonnt goufen.

Konkret goufen d'Droge mat Hëllef vun enger Maschinn an d’Land geschmuggelt, enger Maschinn mat där am Stroossebau Steng zerklengert ginn. Wéi de Procureur vun Dikrech Ernest Nilles präziséiert huet, hätt ee vun Enquêteuren d’Informatioun krut, datt d’Drogen an Zylindere vun där Maschinn verstoppt wieren. D’Maschinn wier am Norde vum Land ofgestallt gewiescht, gouf saiséiert a mat Hëllef vun de Pompjeeën an dem CGDIS oftransportéiert.

RTL

© Police / Lëtzebuerger Justiz

Uschléissend gouf d’Maschinn am Scanner vun der Douane iwwerpréift. Well d’Resultater dovun awer net däitlech genuch waren, huet d’Maschinn missten auserneen geholl ginn. Hei goufen dunn honnerte vu Päck an den Trommele vun der Maschinn fonnt, mat Wuess zesummegepecht. Et koum schwéiert Geschier an den Asaz, fir d'Trommelen opzeschneiden / -flexen, fir un d'Päck ze kommen.

RTL

© Police / Lëtzebuerger Justiz

Well bis e Freideg am Nomëtteg nach net alles ausernee geholl war, konnt de Parquet nach keng genee Quantitéit matdeelen, huet awer vun "honnerte Päck" geschwat. All Pak géif 1 Kilogramm weien.

RTL

RTL-Informatiounen no goufen déi Drogen an der Gemeng Rammerech fonnt. De Parquet wollt dat net confirméieren.

Zwou Persoune goufe festgeholl a ginn aktuell um Uechterhaff vum Untersuchungsriichter gehéiert. Bei hinnen doheem goufe Perquisitioune gemaach. D'Auswäertung vun de Perquisitioune leeft aktuell nach. Et konnten och Suen op Konte blockéiert ginn.

100 Poliziste ware bei der Aktioun am Asaz. De Léon Gloden huet dann och déi excellent Zesummenaarbecht an den effikassen Informatiounsaustausch tëscht den Autoritéiten zu Lëtzebuerg, mee och mat Europol ervirgestrach.