Dat gouf de Mëttwoch de Moien um CityBreakfast annoncéiert. Et wier eng wichteg Etapp am Kader vun der Integratiounspolitik vun der Stad.

Domat géif ee vill méi Bierger d’Méiglechkeet ginn, live bei der Sëtzung kënnen dobäi ze sinn. 2023 zum Beispill hunn tëscht 550 an 800 Leit d’Gemengerotssëtzungen entweder en direct oder méi spéit iwwert d’Archive suivéiert.

De François Benoy vun déi Gréng huet betount, dass déi Gréng dëst schonns laang gefuerdert haten an och méi wéi eemol. Dës Fuerderung wier awer ëmmer vun der Majoritéit blockéiert ginn. Donieft fuerderen déi Gréng elo, dass de Gemengerot och mëttelfristeg op Englesch wäert iwwersat ginn.

Vun dësem Joer u wäert den Oktav-Mäertchen erëm zréck op de Knuedler plënneren, deen den 9. Mee ufänkt. Wärend där Zäit plënnert de Stater Maart da bei d’Gëlle Fra.