Tom Weidig krut vun ADR eng "schrëftlech Verwarnung ausgeschwat"
© flickr Chambrelux
Dat huet d'Partei en Dënschdeg kuerz no der Mëttesstonn an engem Communiqué matgedeelt.
Den ADR-Députéierten hat e Facebook Post geliked an deem stoung, datt "LGBTQ" musse "vernicht" ginn. Den Exekutivcomité vun der ADR hat lescht Woch, no fermer Kritik vun all den anere Parteien, mat enger zwee Drëttel Majoritéit eng Disziplinar-Prozedur géint den Tom Weidig proposéiert.
E Méindegowend huet den ADR-Nationalkommitee sech mat der Affär befaasst. Ewéi d’ADR schreift, hätt den Deputéierte sech entschëllegt an e Feeler agesinn. Et wier och kloer fir d’Partei, datt den Tom Weidig kee wéilt "vernichten" a keen dozou opruffe wéilt. Wéinst sengem "kontinuéierleche Verhalen" op Online-Reseauen, gouf awer wéi gesot eng "schrëftlech Verwarnung" decidéiert, mat awer och "verschidde Moossnamen", déi sech aus dem Gespréich mam Tom Weidig erginn hätten. Ewéi eng Mesuren dat wieren, geet aus dem Communiqué vun der Partei net ervir.
Säi Verhale wier gekläert ginn an den Nationalcomité hätt beschloss, keng weider Mesuren der Ëffentlechkeet matzedeelen.
D’ASBL Rosa Lëtzebuerg huet iwwerdeems och eng Plainte géint den Auteur vum Facebook Post a géint den Tom Weidig gemaach.