Chamber stëmmt eestëmmeg Resolutioun géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun
D'Chamber huet en Dënschdeg geschlossen en Zeeche géint eng Aktioun vum ADR-Deputéierten Tom Weidig gesat.
Alleguerten déi aner Fraktiounen a Sensibilitéiten hunn eng Resolutioun deposéiert an deenen all Attacken op Mënscherechter, all Gewalt, Haass an Diskriminatioune géintiwwer Minoritéite schaarf verurteelt ginn. Wärend ganz emotionale Minutten um Krautmaart huet eng Partei no där anerer de Parlamentarier Weidig deels ganz hefteg kritiséiert.
Den Tom Weidig hat rezent op sozialen Netzwierker e Post geliked an deem d'"Vernichtung" vun "LGBTQ" verlaangt gouf. Den Tom Weidig selwer hat en Dënschdeg géintiwwer anere Medie wësse gedoen, datt hie sech net erkläre kéint, wéi hien dat hätt kënne liken. Hie géif sech dofir entschëllegen. D'Resolutioun an der Chamber gouf vun alle Fraktiounen a Sensibilitéiten ugeholl, also och vun der ADR a vum Tom Weidig. De Fraktiounspresident Fred Keup sot um Riednerpult, datt een dat, wat do geschriwwe gouf, och géing condamnéieren.
Rosa Lëtzebuerg huet Plainte deposéiert
D‘Interessevertriedung vun LGBTIQ+-Mënschen hei am Land, Rosa Lëtzebuerg, huet iwwerdeems matgedeelt, datt si Plainte bei der Police géint den Auteur vun deem genannte Kommentar gemaach hätt, genee wéi géint den Tom Weidig, deen dëse geliked hat. Rosa Lëtzebuerg fuerdert dann och, datt den Tom Weidig sech bewosst gëtt, wéi eng Responsabilitéit hien als Deputéierten huet an datt hien als Konsequenz dovu vun all senge politeschen Ämter zerécktrëtt.
© flickr Chambrelux