ADR-Nationalcomité decidéiert e Méindeg iwwer Disziplinarprozedur géint Weidig
Dat gouf en Dënschdeg am Exekutiv-Comité vun der Partei, op Demande vun der Presidentin Alexandra Schoos an dem Generalsekretär Luc Reyter, decidéiert.
Den ADR Nationalcomité decidéiert e Méindeg iwwer d'Disziplinarprozedur géint hiren Deputéierten Tom Weidig, esou d’Parteipresidentin Alexandra Schoos e Mëttwoch am RTL-Interview. Déi 17 Memberen vum Exekutivcomité hunn dat mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit ugeholl, esou d’Alexandra Schoos. Si huet ons erkläert, datt elo den Nationalcomité a seng iwwer 50 Leit déi Demande missten unhuelen. Am Fall, wou se déi unhëlt, mussen d’Konsequenze fir den Tom Weidig decidéiert ginn.
Hei wäert den Deputéierte sech natierlech och nach emol kënnen äusseren. D’Prozedur kéint bei der ADR vun enger mëndlecher Verwarnung mat Tëschenetappen, bis hin zu engem Ausschloss aus der Partei goen.
De Commentaire an och de Like vun hirem Deputéierte wieren "inakzeptabel", heescht et iwwerdeems an der Positioun vun der Partei op Facebook méi fréi e Mëttwoch de Moien. D’Parteipresidentin Schoos an de Generalsekretär Reyter entschëllege sech dann och am Numm vun der Partei nach emol formell bei jidderengem, dee sech duerch déi ganz Aktioun vun hirem Parteikolleeg diskriminéiert gefillt huet.
Den Tom Weidig hat rezent op sozialen Netzwierker e Post geliked, an deem d'"Vernichtung" vun "LGBTQ" verlaangt gouf.
Virun 8 Joer hat d’ADR hire Member Joe Thein aus der Partei ausgeschloss, well hien e Post geliked hat, deen dem deemolegen Ausseminister Jean Asselborn den Doud gewënscht huet. Ob an där selwechter Logik den Tom Weidig d’selwecht misst behandelt ginn, dorobber wollt d’Alexandra Schoos sech net festleeën. Si wéilt och net d’Hand iwwert en halen, mee huet awer drop higewisen, datt den Tom Weidig scho gesot huet, hien hätt säi "Like" onwëssentlech gemaach. Donieft wier den Tom Weidig am Géigesaz zum Joe Thein Deputéierten. Dat misst alles zesumme gekuckt an debattéiert ginn.
D’Alexandra Schoos huet nach emol rappelléiert, datt d’ADR fir "Mënscherechter, Fräiheet an Demokratie" steet. Hir Partei huet och en Dënschdeg an der Chamber eng entspriechend Resolutioun mat all den anere Fraktioune guttgeheescht. Den Debat virum Vott wier an hiren Ae "scho ganz hefteg" gewiescht. Fir si "deelweis berechtegt, deelweis net berechtegt". Si huet besonnesch kritiséiert, datt d’Wieder "Nazi" a "brong" gefall sinn, well domadder all d’Membere vun der Partei "ugegraff" wieren.
Verfält d’ADR do net an eng Afferroll? Dozou sot d’Alexandra Schoos: "Kann een eventuell esou soen, mee mir mussen och gläich spillen." Wann op si "geklappt" géing ginn oder Wierder vun der ADR "op eng Goldwo" geluecht ginn, da missten och d’Wierder vun deenen aneren op eng Goldwo geluecht ginn.