Ob et zu disziplinaresche Mesurë géint den adr-Deputéierten Tom Weidig kënnt, doriwwer soll den adr-Nationalkommitee e Méindeg den Owend decidéieren.

Plaz an Auerzäit hält d’Partei geheim. Fest steet, datt déi aner sechs Parteien aus der Chamber Drock maachen. Wuel hat den Tom Weidig sech op de sozialen Netzwierker dofir entschëllegt, datt hien e Facebook Post geliked hat an deem stoung, et misst een LGBT bekämpfen a vernichten. Den adr-Deputéierte mengt, hien hätt dee Post onwëllentlech an onwëssentlech geliked. A betount, hien hätt schonn dacks gesot, datt een all Mënsch mat Respekt behandele misst.

D’Chamberdeputéiert hunn un der Opriichtegkeet vun deenen Aussoe gezweiwelt. Ob géint e Karikaturist, géint d’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun oder d’Verharmlose vun den Nazien, den Tom Weidig géif vill ze dacks Limitten iwwerschreiden. An duerno zeréckrudderen. Dat ganzt hätt Method an op dës Manéier géif den adr-Deputéierten de politeschen Discours bewosst weider no riets drécken.

“Wou steet Är Partei haut?”, wollt d’Sam Tanson leschten Dënschdeg vun der Parteipresidentin Lexy Schoos wëssen. Fréier wäre Parteimembere wéinst manner oder d’selwecht schlëmmen Affären ausgeschloss ginn. Haut géif ee villes hinhuelen.

Wuel huet d’adr nach dee selwechten Dag an der Chamber d’Resolutioun mat ugeholl, an där all Attacken op Mënscherechter, all Gewalt, Haass an Diskriminatioune géintiwwer Minoritéite schaarf verurteelt ginn. Dat berouegt d’Gemidder an der Chamber awer net. An engem gemeinsame Bréif hunn CSV, DP, LSAP, déi gréng, déi Lénk an d’Piraten d’adr Presidentin nach emol schrëftlech opgefuerdert, déi néideg Sanktioune géint den Tom Weidig ze huelen. Géif eng Partei e Gewielten a senger Funktioun loossen, deen d'Vernichtung vun enger Communautéit guttheescht, géif dës Partei deen Discours och legitiméieren.

E Méindeg den Owend soll den National-Kommitee vun der adr also decidéieren, ob et zu Sanktioune géint den Tom Weidig kënnt. Dës kënne vun enger mëndlecher Verwarnung bis hin zum Ausschloss vun der Partei goen.