Gutt Noriicht fir d'AarbechterTierkesche Grupp soll Liberty-Steel-Wierk zu Diddeleng iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
Eng gutt Noriicht gëtt et fir d'Mataarbechter vu Liberty Steel, déi zanter iwwer 2,5 Joer ëm d'Iwwerliewe vun hirem Betrib kämpfen.
© Serge Pauly (Archiv)

De Curateur huet eng vun den Offeren zeréckbehalen. RTL-Informatiounen no ass dat en tierkesche Grupp, ee vun de weltwäiten Acteuren an der Produktioun vu gréngem Stol. Dem Projet no, deen um Dësch läit, géif net just de Site zu Diddeleng iwwerholl ginn, mä och d’Aktivitéit sollt weider lafen an d’Mataarbechter sollen iwwerholl ginn.

Detailer, wat d’Reprise ubelaangt, sollen elo déi nächst Wochen iwwer finaliséiert ginn.

RTL-News: Dräi interessant Repreneuren: Mataarbechter vu Liberty Steel kruten zanter September keng Pai

Back to Top
CIM LOGO