Éischte vun neie Luxair-Fligere kënnt Enn des Joers un
Den éischte vun der Luxair hire 16 neien Embraer Fligere wäert bis Enn des Joers zu Lëtzebuerg ukommen a soll Ufank 2026 an de reguläre Betrib goen.
Déi national Fluchgesellschaft laut en neit Zäitalter an: Mat der Commande vun neie Fligere fir hir Flott well een der ëmmer weider klammender Demande entgéintwierken an d'Luxair weider virun dreiwen. E Käschtepunkt, ma dee sech awer bezuelt soll maachen.
Den éischte vun am Ganze 16 nei-bestallte Fligere soll dann nach bis Enn des Joers zu Lëtzebuerg ukommen an Ufank 2026 an de reguläre Betrib goen.
15.000 Nitten an 90 Kilometer Kabel si verschafft ginn um 35 Tonne schwéiere Koloss. An anescht, wéi mol bei aneren Hiersteller, géing de Fliger hei fir d‘éischt vu bausse lackéiert ginn. Souwuel baussen, wou een elo déi genee selwecht Faarwen, wéi déi vum Lëtzebuerger Fändel hätt, wéi och bannen, wier et der Luxair wichteg, hir nei Identitéit ze weisen, déi sech nach méi mat hirer Lëtzebuerger DNA ervirhieft. An déi dem Client och bannen de gréisstméigleche Confort bitt.
Dobäi kennt och, dass de Fliger ee vun de rouegsten um Marché wier. E géing 35% manner Kaméidi maachen, wéi déi al Fligeren a verbraucht och 25% manner Kerosin.
De Projet, fir d‘Flott vun der nationaler Fluchgesellschaft auszebauen an op de neisten, modernste Stand ze bréngen, ass net nei. Virun allem wann ee bedenkt, dass d'Commande vun den neien E195-E2-Fligere beim brasilianesche Constructeur viru knapp zwee Joer gemaach gouf.
Ma do virdrun hunn awer misse genee Analysen duerchgefouert ginn a verschidde Fligere si matenee verglach ginn. D‘Zil vun der nationaler Fluchgesellschaft ass et, fir de Clienten eng beschtméiglech Experienz ze bidden a fir si selwer och op en anere Level ze bréngen. Si hunn hir Kapazitéiten erop gesat a fir de Summer 2026 sinn néng nei Destinatioune geplangt, do brauch et genuch Fligeren an der Flott.
Fënnef weider Embraer E2 sollen an den nächste Méint a Joren nokommen an och d‘Optioun, fir nach eemol dräi Stéck nozebestellen, besteet. Donieft sinn och nach 10 Fligere beim amerikanesche Konkurrent Boeing bestallt ginn.
Ma och nodeems d'Fligeren ausgeliwwert sinn, ass d‘Aarbecht bei Embraer nach net eriwwer, sou de Rodrigo Silva E Souza vun Embraer: "Mee och schonn do virdrun. Mir mussen eis preparéieren, dass genuch Ersatzstécker op Lager sinn, falls dréngend ee gebrauch gëtt. An da kënnt den Training vun de Piloten an de Mecanicienen nach dobäi. A wann de Fliger bis geliwwert gouf, dann hu mir technescht Personal, dat zu Lëtzebuerg ass am Ufank fir der Airline ënnert d‘Äerm ze gräifen an och per Telefon si mir 24 op 24 ze erreechen. Mir halen eng enk Relatioun."
Mat engem Tëschestopp op de kanareschen Insele wäert en da géint Enn vum Joer offiziell säin neit Doheem um Findel fannen.