
D’Hôpitaux Robert Schuman (HRS) bauen hir Offer op der Cloche d'or weider aus. Nodeems virun engem Joer am Zénith-Komplex um Boulevard Raiffeisen eng zousätzlech Struktur fir medezinesch Bilddiagnostik opgemaach gouf, kënnt elo en neien ophthalmologeschen Zenter fir ambulant Chirurgie dobäi. Domat setzen d'HRS hir Strategie weider ëm, fir medezinesch Behandlungen, déi sech dofir eegnen, méi dezentral an ambulant unzebidden.
Den neien Zentrum läit um zweete Stack vum Zénith-Gebai an huet eng Fläch vun 800 Quadratmeter. Et ginn zwee voll equipéiert Operationssäll. Hei kënne geplangten Aenagrëffer ënner lokaler Anästhesie respektiv assistéierter Lokalanästhesie duerchgefouert ginn.
Operéiert gëtt wärend der Woch tëscht 7:30 a 16:30 Auer. Ronn 20 Mataarbechter këmmere sech ëm d'Patienten. Permanent op der Plaz sinn dräi Dokteren, dovun zwee Chirurgen an een Anästhesist.
Den Ausbau op der Cloche d'or ass Deel vun enger méi breeder Strategie vun den HRS, bei där déi verschidde Standuerter méi staark spezialiséiert ginn. Op der Cloche d’or läit de Fokus op geplangten ambulanten Agrëffer. An direkter Noperschaft zum Zénith-Gebai gëtt mam Projet "The Rock“ aktuell en neie chirurgeschen Zenter gebaut, dee komplett op ambulant Behandlungen ausgeriicht ass an am Fréijoer 2028 a Betrib goe soll.
