
An der Rue de Wiltz zu Groussbus hate sech onbekannt Täter iwwert eng Dier Accès zu engem Haus verschaf an hei e puer Raim duerchwullt. En zweeten Abroch gouf et dunn an engem Appartementshaus an der Rue des Muguets am Neiduerf, wou d’Abriecher Policeinformatiounen no Bijoue geklaut hunn.
A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.
D’Police weist an dësem Kontext nach emol op hir Tuyauen hin, mat deenen ee sech virun Abréch schütze kann. Dës fannt Dir hei.