
Zu Stroossen an zu Bartreng mellt d’Police um Samschdeg de Moien eng Rei Abréch a Wunnengen, an där d’Wunnengen op d’Kopp gestallt a Wäertgéigestänn geklaut goufen. Am Rollengergronn an zu Béiwen gouf iwwerdeems an zwee Geschäfter agebrach.
Aus der Stad mellt d’Police dann nach dräi Autoen, déi opgebrach goufen - dat an der Rue Dicks, an der Rue du Cimetière an an der Rue de Leudelange. Geklaut goufen Poschen an e Rucksack mat engem Laptop dran. Och op der Aire de Capellen ass een Auto geknackt ginn. Hei huet sech den Déif mat enger Posch a perséinlechen Dokumenter aus dem Stëbs gemaach.
E Freideg den Owend huet géint 21 Auer ee Chauffer tëscht Koler an Héiweng d’Kontroll iwwert säin Auto verluer a koum vun der Fuerbunn of. Den Auto koum am Gruef un d’halen a blouf op der Säit leien. De Chauffer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol. Dat ganzt hat awer nach een Nospill, well den Alkoholtest ee positiivt Resultat ugewisen huet. Hie misst säi Fürerschäin ofginn. Wärend dem Asaz vun de Secouriste blouf den CR106 fir de Verkéier gespaart.
Géint 22.40 Auer krut dann een Automobilist am Rond-point “um Däich” zu Esch net méi ganz d’Kéier. blesséiert gouf heibäi keen, allerdéngs war och hei Alkohol am Spill. De Chauffer war säi Fürerschäi lass an et gouf Plainte gemaach.
Ee Quad-Accident ëm kuerz viru Mëtternuecht huet e Chauffer zu Rodange mat schwéiere Blessuren an d’Spidol bruecht. Hien hat d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer an ass mat sengem Quad an eng Rei geparkten Autoe geknuppt. Op der Plaz gouf Éischt Hëllef geleescht, ier et da mat der Ambulanz an d’Spidol goung. Och hei war Alkohol am spill an de Mann war säi Permis lass.
Dräi weider Fürerschäiner goufen am Laf vun der Nuecht op e Samschdeg agezunn, dat zu Hesper, Nidderkäerjeng an Déifferdeng.