Abroch a Wunneng zu EschAbriecher nach op der Plaz, duerno Besëtzer vu Wunneng wéinst Droge festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend gouf een Abroch an eng Wunneng vun engem Appartementshaus op der Place de l’Hôtel de Ville zu Esch gemellt.

Den Täter konnt nach op der Plaz festgeholl ginn.

Bannen an der Wunneng goufen eng gréisser Quantitéit un Drogen a Sue fonnt. De Besëtzer vun der Wunneng gouf kuerz drop och lokaliséiert a festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO