SonndegnomëttegAbroch an Akafszenter um Kierchbierg - Police hëlt dräi Verdächteger fest

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg gouf der Police een Abroch an en Akafszenter um Kierchbierg gemellt.
© Laurent Weber

Éischten Informatiounen no hunn zwee Männer eng Rei Saache geklaut, heescht et e Méindeg vun der Police. Déi Verdächteg konnten nach op der Plaz gestallt ginn an déi geklaute Géigestänn konnte séchergestallt ginn.

Der Police no konnt och eng Mataarbechterin vum Akafszentrum identifizéiert ginn, déi eng Komplizin vun den zwee Verdächtege soll gewiescht sinn, Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Persoune festgeholl an engem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO