Streck fir den Trafic gespaartAccident mat engem Blesséierten tëscht Miersch an Huelmes

RTL Lëtzebuerg
Am Feierowendtrafic e Méindeg koum et um CR105 zu engem Accident.
© Domingos Oliveira

Wéi et op Nofro vun der Police heescht, hätt tëscht Miersch an Huelmes e Chauffer d’Kontroll iwwer säin Auto verluer a wier doduerch vun der Strooss ofkomm. Dobäi hätt den Auto sech iwwerschloen. D’Persoun am Auto wier liicht blesséiert ginn. D’Streck huet awer wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO