
En Accident op der B7, kuerz nom Radar zu Schieren a Richtung Stad, huet fir gréisser Perturbatiounen am Raum Ettelbréck gesuergt. Den Accident war op der Iwwerhuelspuer Richtung Stad geschitt. Op der eenzeler Spuer Richtung Fridhaff ass et zäitweis guer net méi virugaangen. Eng Deviatioun goung vun der A7, via Colmer-Bierg a Schieren.
Och Richtung Stad war den Trafic deels zum Stëllstand komm.
Géint 6.15 Auer koum Entwarnung vum CITA, dass den Accident geraumt wier.
Wéi de CGDIS mellt, gouf bei deem Accident eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeën Nordstad a Colmer-Bierg, grad ewéi eng Ambulanz aus der Nordstad.
Géint 8.50 Auer sinn zu Keel an der Rue du Mont St. Jean zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt. D’Pompjeeë vu Keel, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.