Am Trafic-Info war rieds vu véier Gefierer, déi an den Accident verwéckelt waren, am Bulletin vum CGDIS ginn dräi Gefierer ernimmt. Eng Persoun ass bei deem Accident verwonnt ginn.
Op der Plaz waren Ambulanzen aus der Fiels an der Nordstad, grad ewéi Pompjeeë vun Noumer an aus der Nordstad.
D'Police huet nom Accident den Trafic op der Plaz geréiert. Kuerz virun 9 Auer war et d'Entwarnung, dass den Accident geraumt wier.