
Dat sinn d’Haaptconclusioune vun engem Rapport vum Observatoire de la Santé zesumme mat der Santésdirektioun, deen e Méindeg publizéiert gouf. Deemno sollte Kanner méi dacks kënnen ambulant behandelt ginn, amplaz fir kleng chirurgesch Interventioune mussen iwwer Nuecht am Spidol ze bleiwen. Donieft kéinte vill Krankheete vun den Otemweeër evitéiert ginn, wa méi systematesch géif dogéint geimpft ginn a schlëmm Fäll vun Asthma kéinten duerch eng besser Prise en charge vu chronesche Krankheete verhënnert ginn.
Dee gréissten Deel vun den Hospitalisatioune maache Puppelcher vu manner wéi engem Joer aus. De Pic läit an de 7 éischte Liewensdeeg. Zwee Drëttel vun de stationären Traitementer vu Kanner gi vum CHL an der Kannerklinik assuréiert. Bei de Puppelcher sinn et méi wéi 80 Prozent. D’Hôpitaux Robert Schuman iwwerhuelen dogéint éischter den Accueil vu Jugendlechen.
D’Haaptgrënn, firwat Kanner am Spidol musse behandelt ginn, ännere jee nodeem wéi al si sinn. Bei Puppelcher vu manner wéi engem Joer, sinn et an der Haaptsaach Krankheete vun den Otemweeër, notamment duerch den RS-Virus. Bei den Teenager sinn et Probleemer mat de Muskelen a Schanken oder mental Probleemer.