
Um Dag, op deenen déi zwee Piraten-Deputéiert sanktionéiert respektiv e Blâme ausgeschwat kruten, musse si sech och d'Sonndesfro ukucken, a feststellen, datt hir politesch Sensibilitéit an zwee gespléckt gëtt - traureg - mee wouer! Wéi nach aner Resultater aus dëser ILRES-Ëmfro, déi missten zum Handelen a beschtefalls Ëmdenken ureegen.
Et stëmmt, datt Statistiken on-emotionell a kal Zuelen duerstellen, mee derhannert verstoppt sech esou munches, wat de Wieler op der Liewer läit, mengt de Roy Grotz en Dënschdeg den Owend a sengem Tëscheruff.
Et ass d'Descente aux enfers fir d'Koalitioun, déi mat zwee Mol 15 Deputéierte keng Majoritéit méi huet an nokucke muss, wéi d'ADR mat 8 Leit a souguer déi Gréng mat 7 Gewielten, déi dach sou vill alt kritiséiert goufen, sech dabber halen an an der Gonscht vun de Leit leien.
Sollen den Drock duerch d'Klimakris an d'riets Impulser vun déisäits der Musel awer méi an de Käpp vun de Wieler hänke bleiwen a verfänken, wéi een dat menge kéint?
D'Äntwert schéngt op dësem Dag, wou d'Chamber nees beieneen koum, "Jo" ze sinn. An d'Deputéiert kucken an d'freedeg-stralend Smiley-Gesiichter vun den ADR-Volleksvertrieder, déi mat breeder Broscht e Jamais-Vu-Score an enger Sonndesfro realiséiere konnten an domat entspaant net brauchen ze fäerten, datt de Fraktiounsstatut wäert verluer goen.
D'Leit hunn et eeben an der Hand an enger Demokratie ze stëmmen, wie se wëllen a wann do d'Politiker, déi an der Regierung sinn, laanscht d'Leit schwätzen, ofgehuewen dohierkommen a sech gi wéi arrogant, iwwerhieflech Sonnekinneken oder d'Queen herself, da brauch sech net gewonnert ze ginn, datt CSV an DP nëmmen nach op 30 Sëtz kommen - kloer - als Opnam mam Datum Hierscht 26 no engem Schweess-Summer, deen un d'Leit goung, mysteriéisen Drone-Virfäll bei der kritescher Findel-Infrastruktur, héijem Chômage-Taux an enger Industrie, déi net wierklech nees op d'Bee kënnt.
Dat mécht d'Leit verdrësslech a souguer déi super Steierreform, wou d'Ham an enger gudder fetteger milliouneschwéierer Mëllech vum etoiléierte Chefkach a Staatsminister-Aspirant Roth gekacht gëtt, verleet d'Leit awer net massiv derzou, hiert Kräiz ënnert der bloer oder schwaarzer Lëscht ze maachen.
15 Deputéiert: Esou wéineg goufen et der a Realitéit nach ni nom Enn vum Krich fir d'Staatsminister-Partei um Krautmaart . Mä d'Ex-Vollekspartei huet all Kompetenz-Avance verluer an och leider d'Léier vun der sozialer Maartwirtschaft am Second-Hand ofginn, sou datt d'Kredibilitéit vun de schwaarze Volleksvertrieder d'Wieler net méi wierklech iwwerzeegt.
Et sinn lo nach quasi genee zwee Joer bis zu Walen an d'Warnunge fir d'CSV-DP-Ekipp, déi vum Vollek ausginn, musse gehéiert ginn, soss geet dat liberal-soziaalt Experiment mat Karacho an d'Mauer, an de Wee ass fräi fir nees eng flott Dräier-Koalitioun - woubäi nëmmen nach den Dafpätter Xavier bei der Heck ass, fir deem fragille Projet da politescht Liewen anzehauchen.
Den Dante Alighieri hätt de Requiem an Ofgesang op d'aktuell Koalitioun a senger "Divine Comédie" net besser kënnen beschreiwen, mä dat ass elo 700 Joer hier - an dach net méi mat haut ze vergläichen - oder awer dach?
Enttäuschen deet allemol och d'Performance vun de Sozialisten, déi sech weiblech, jonk an dynamesch opgestallt hunn, all d'Oldtimer, bis op eng Diddelenger Exceptioun, an de Cipa an an d'saudi-arabesch Wüst expediéiert hunn, mee an awer net decolléieren.
Gesicht gëtt verdrësslech no sozialistesche Sujeten, déi authentesch sozial a no bei de Leit sinn an natierlech no Käpp a Spëtzekandidaten, déi d'LSAP 7.0 sollen no bausse mat rouder Rous vertrieden, mä déi Meescht hu Besseres ze dinn, a verbëtzen hir Zäit mat topegen Insta- an TikTok-Filmecher.
D'Wieler wäerten all dëst matkréien an hunn hir Meenung an der Sonndesfro onopgereegt a kloer dokumentéiert. Mä et gëllt nach ëmmer: Der Däiwel ass net sou schwaarz, wéi e gemoolt gëtt.