Rietsruck an Europa58 Prozent vu Wieler ginn och zu Lëtzebuerg vu méi Rietspopulismus aus

Céline Eischen
Kevin Kayser
Am Kader vun der Ilres-Sonndesfro, am Optrag vun RTL a Wort, goufe siwen Zousazfroe zu aktuellen Theemen a Sujete gestallt. Mir hunn haut eng erausgegraff.
Leit wéi den Ulrich Siegmund an Däitschland oder d'Marine Le Pen a Frankräich kréien ëmmer méi Stëmme vun de Wieler. De Siegmund kéint a Sachsen-Anhalt den éischte Ministerpresident vun der als rietsextreem agestuufter AfD ginn.
© RONNY HARTMANN/AFP

Eng Majoritéit ass der Meenung, datt et och hei am Grand-Duché zu änleche politeschen Entwécklunge wéi an Däitschland oder Frankräich kéint kommen.

Am Kader vun der Sonndesfro goufen 1.829 walberechtegt Persounen net just zu hire politesche Preferenze gefrot, mee kruten och siwen Zousazfroe gestalt. Vun deenen ass et an enger och ëm Rietspopulismus gaangen.

An Däitschland hat d'AfD jo rezent grouss Wal-Succèse geféiert: Bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt an och a Mecklenburg-Vorpommern koum d'Partei op déi éischte Plaz. Och d’Marine Le Pen läit mat hirem Rassemblement National an de Sondagë fir d'Presidentiellen 2027 a Frankräich vir.

Kéint et och zu Lëtzebuerg zu esou politeschen Entwécklunge kommen?

58% vun de Wielerinnen a Wieler so "Jo". Interessant ze gesinn ass, datt Leit am Alter tëscht 25 a 34 Joer respektiv 45 bis 44 Joer dëst am meeschte gesi kommen. Hei sinn nämlech 65 Prozent dëser Meenung. Am wéinegste fäerten dëst d'Leit iwwer 65 Joer, hei si grad emol 44 Prozent der Meenung, datt et och zu Lëtzebuerg wäert e Rietsruck ginn. D'Stammwieler vum ADR sinn da mat 81 Prozent majoritär dëser Meenung, vun der DP gesi "just" 53 Prozent dëst kommen.

Sechs weider Zousazfroe goufen am Kader vun der Sonndesfro gestalt. D'Resultater dovunner ginn et e Mëttwoch um 17 Auer. 


Den Detail

1.829 walberechtegt Persounen hu bei der Sonndesfro matgemaach: Dës goufe vum 22. September bis den 2. Oktober souwuel online (680 Interviewen) wéi och iwwer Telefon (1149 Interviewen) befrot. Matgemaach hu 523 aus dem Walbezierk Zentrum, 713 aus dem Süden, 318 aus dem Norden an 275 aus dem Osten.

D'Detailer sti wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO