
D’Sekuriste vu Monnerech, Dippech, Esch a Schëffleng goufen e Sonndeg an den Asaz geruff wéinst engem Adventskranz, dee Feier gefaangen hat, dat an der Rue du Centre zu Éileng um kuerz no 15 Auer. Et goufe keng Blesséierter gemellt.
An der Rue Sainte Catherine zu Hamm huet kuerz no 15 Auer e Sonndeg en Haus gebrannt. Et gouf kee blesséiert an d’Ekippen aus der Stad a vun Hesper waren op der Plaz.
Um 11.14 Auer hat e Kamäin an der Rue de la Cité zu Réimech Feier gefaangen. Och hei gouf kee blesséiert an déi lokal Ekippen hu sech drëms gekëmmert.
De CGDIS mellt dann awer nach eng Kollisioun tëscht zwee Ween um CR176 zu Rodange, bei där dräi Persoune blesséiert goufen. D’Ekippe vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei um 13.30 Auer am Asaz.