An der Gemeng WolzAktuell keen Drénkwaasser an der Rue Eisknippchen zu Wegdichen

RTL Lëtzebuerg
Aktuell ass d'Waasserversuergung an engem Deel vun der Gemeng Wolz ënnerbrach. Et gëtt dru geschafft, ma wéi laang d'Waasser wäert ausbleiwen, ass nach net gewosst.
© RTL-Archiv

An der Rue Eisknippchen zu Wegdichen gëtt et den Ament eng gréisser Waasserfuite. Wéinst der Fuite an den domat verbonnene Reparaturaarbechte gëtt et den Ament an der Hausnummer 3 bis 65 keen Drénkwaasser. Wéi laang et dauert, bis de Probleem an der Gemeng Wolz ka behuewe ginn, ass aktuell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO