D’Regierung wier amgaang, eng politesch Opportunitéit ze verpassen. Zu där Konklusioun kënnt d’Chambre des Salariés an hirem Avis zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer an zum budgetäre Programm bis 2029. D’Salariatskummer kritiséiert besonnesch, datt d’Depensen fir d’Defense explodéieren, iwwerdeems déi fir de Logement stagnéieren an déi fir d’ekologesch Transitioun esouguer zeréckginn. Fir d’Vertrieder vum Salariat wier dat net ze verstoen.
Alarmistesch Messagen iwwert d’Staatsfinanze, déi wieren der Salariatskummer no net gerechtfäerdegt. Och wann d’wirtschaftlech Croissance an den Emploi fragil wieren, wier Lëtzebuerg a Punkto Staatsscholden d’nächst Joer de beschte Schüler an der Europäescher Unioun. E schlechte Schüler wier de Grand-Duché awer a Punkto Aarmut, sief et d’Kanner- a Jugendaarmut oder nach Aarmut trotz enger Schaff. D’Presidentin vun der Chambre des Salariés huet kloer Annoncen vermësst, obwuel dëst jo eng Ambitioun vun der Regierung sollt gewiescht sinn.
Den Direkter vun der Chambre des Salariés Sylvain Hoffmann huet op d’mannst begréisst, datt de Steierkredit fir d’CO2-Steier ze kompenséieren an d’Luucht geet. Allerdéngs huet hien drop higewisen, datt de Seuil, fir de Steierkredit ze kréien, misst an d’Luucht goen, well opgrond vun der Lounentwécklung ëmmer manner Leit en zegutt hunn. D’Salariatskummer freet och allgemeng méi Steiergerechtegkeet andeems Kapitalerträg a Verméige méi oder iwwerhaapt emol besteiert ginn.
De Ralentissement beim Emploi, dee wier op d’Betriber zeréckzeféieren, déi manner géingen investéieren. Vun dohier wier et ebe grad nach gutt, datt op d’mannst de Staat nach astellt. Kritik gouf et och, well et ëmmer méi CDDen, also zäitlech begrenzten Aarbechtskontrakter géinge ginn.
Op d’Fro, ob Lëtzebuerg mat senger Finanzplaz national Gerechtegkeet mat internationaler Ongerechtegkeet géing finanzéieren, huet just de Vizepresident vun der Salariatskummer, de Jean-Claude Reding geäntwert: “Dat wier och wann et net zu Lëtzebuerg wier. Dat ass generell de System vum Kapitalismus. Da musst der deen a Fro stellen.”
