Éischt Parkinge geraumt a Sandsäck prettAlerte Orange wéinst Héichwaasser a Wandvitesse vu bis zu 110 Stonnekilometer

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Héichwaasserrisk vun der Uelzecht, huet MeteoLux eng Warnung wéinst Wandspëtzte bis zu 110 km/h erausginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Déi aktuell meteorologesch Situatioun deit fir en Donneschdeg a Freideg op e potentielle Risk vun Héichwaasser hin. Den Héichwaassermeldedéngscht huet um Donneschdeg géint 14 Auer eng weider Warnung erausginn. D’Cote de pré-alerte” dierft virun allem zu Hesper an am Pafendall iwwerschratt ginn. Zu Miersch an zu Ettelbréck ass et aktuell net auszeschléissen.

Duerch de ville Wand a Reen schonn um Donneschdeg den Owend, waren eng Partie Beem ëmgefall, wat zu Perturbatiounen am Trafic gesuergt huet. Och Stroumpanne gouf et ze bekloen, dat ënnert anerem zu Sandweiler, Conter, Schëtter an an der Stauséigemeng.

Éischt Parkinge ginn zougemaach

D’Stad Lëtzebuerg huet wéinst de Meteosprevisiounen de Parking op der Eecher Plaz an an der Rue Plaetis am Gronn virsiichtshallwer zougemaach, well dëst zwou Plaze sinn, wou een Héichwaasser riskéiert. Déi Leit, déi hiren Auto also dohi geparkt hunn, sollen e sou séier wéi méiglech réckelen. D’Stad Lëtzebuerg huet dann och e Liveticker opgemaach, fir d’Leit um neiste Stand ze halen.

Och Sandsäck goufe schonn op e Plazen en place gesat.

Och d’Gemeng Ettelbréck huet matgedeelt, dass de Parking Däich vu 17 Auer u gespaart gëtt. D’Leit, déi hir Autoen do stoen hunn, sollen dës esou séier wéi méiglech vum Parking huelen a virun allem och net iwwer Nuecht do stoe loossen.

Duerch déi aktuell Wiederwarnung, huet de Centre de Promesses vun Noumer wësse gedoen, dass Sensibiliséierung- an Informatiounskonferenz, am Kader vum Télévie zum Thema Kriibsfuerschung a Bluttkrankheeten, déi en Donneschdeg den Owend zu Kruuchten sollt sinn, ofgesot ginn ass. Si gëtt verluecht op den 4. Mäerz.

Donieft gëtt MeteoLux eng Warnung wéinst dem Wand eraus. Tëscht 14 an 18 Auer kann et zu Wandspëtzte vu bis zu 90 km/h kommen. Eng Alerte Orange gëllt dann tëscht 18 an 23 Auer en Donneschdeg, wou de Wand am ganze Land Vitesse vu bis zu 110 Stonnekilometer erreeche kann.

Wéinst den Nidderschléi vun e Mëttwoch den Owend, respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg sinn d’Peegele besonnesch vun de Gewässer am Südoste vum Land geklommen. En Donneschdeg ass am Westen an am Südweste vum Land mat 20 bis 25 Liter pro m2 ze rechnen. Soss am Land dierft ee bei 15 bis 20 Liter pro m2 leien.

Vun en Donneschdeg 14 Auer bis e Freideg ëm Hallefnuecht gëllt wéinst dem Héichwaasserrisiko eng Alerte Orange fir de Süde vum Land. Fir den Norden ass et an der selwechter Period eng Alerte jaune.

Héichwaasser: Verschidde Servicer warnen op ënnerschiddlech Manéieren

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?
RTL-News: Waasserwirtschaftsamt - Peegelstänn vu Flëss a Baache klammen nach bis an d’Nuecht eran

Back to Top
CIM LOGO