Bis zu 80 Minutte kee StroumBeem waren op Leitunge gefall, all d'Panne mëttlerweil behuewen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 18 Auer en Donneschdeg den Owend ass et an enger Partie Gemengen zu Stroumpanne komm.

Wéi d’Creos op hirem Internetsite matgedeelt huet, war et zu Rammerech, Schëtter, Sandweiler, Conter, Bauschelt, an der Stauséigemeng an zu Wanseler zu Probleemer mat der Stroumversuergung komm.

D’Probleemer mat der Stroumversuergung zu Conter, Sandweiler a Schëtter ware kuerz no 18.30 Auer nees geléist. RTL Informatiounen no war ënnert anerem och de Prisong duerch d’Stroumpann zu Sandweiler betraff. D’Noutstroumaggregat ass awer agesprongen an de Fonctionement wier net gestéiert gewiescht.

Op Nofro bei der Creos si mer géint 18.50 Auer gewuer ginn, dass just nach am Raum Wolz d’Stroumpann aktuell wier. Do wieren eng Partie Beem op d’Stroumleitunge gefall. Hei wiere vereenzelt Stroosse betraff.

Wat de Grond bei den anere Panne wier, konnt een deen Ament net soen. D’Pressespriecherin huet verséchert, dass d’Ekippen dru géife schaffen, fir d’Problemer sou séier wéi méiglech ze behiewen.

Kuerz virun 19.30 Auer koum dunn d’Entwarnung, dass all d’Panne behuewe wieren. Am Längste war d’Stauséigemeng betraff. Hei war een 80 Minutten ouni Stroum. Zu Wanseler waren et 66 Minutten, zu Rammerech 75.

Back to Top
CIM LOGO