Waasserverwaltung, inondations.lu, Meteolux, Meine Pegel, Gouvalert – d’Héichwaasserwarnunge komme vun ënnerschiddleche Plazen.

A si schaffe mat ënnerschiddleche Mesuren an Unitéiten. Dofir ass et fir d’Populatioun net evident fir erauszefannen, wéi eng Héichwaasserwarnung gëllt, wat se bedeit an ob ee mat senger Wunneng dovu concernéiert ass oder net.

Giel, orange a rout Warnungen

Virop ass et den Héichwaasserservice vun der Waasserverwaltung, dee warnt.

Bei Héichwaasser ënnerscheet d’Waasserverwaltung tëscht dräi Warnstufen : giel, orange a rout, déi am technesche Langage der “Phase de vigilance”, der “Phase de pré-alerte” an der “Phase d’alerte” entspriechen. D’”Phase de vigilance” geet lass, wann déi sougenannte Cote de vigilance sécher areecht gëtt, also e bestëmmte Peegelstand, jee no Waasserlaf. A genee esou ass et mat deenen aner zwou Phasen: wa kloer ass, datt  d’”Cote de pré-alerte” iwwerschratt gëtt, wiesselt d’Waasserverwaltung an déi orange “Phase de pré-alerte”. Déi rout” Phase d’alerte” geet un, wann d’”Cote d’alerte” sécher areecht gëtt.

RTL

Dobäi ass d’Musel deen eenzege Waasserlaf, wou et eng “Cote de vigilance” gëtt. Wann déi iwwerschratt gëtt, kënne keng Schëffer méi fueren – där hu mer op den anere Waasserleef keng.

Fir dat mol ze veranschaulechen: Zu Briedemes war d’Musel Neijoerschdag, ier et lass goung mam Héichwaasser, just iwwer dräi Meter héich. D’”Cote de vigilance” läit iwwer zwee Meter do driwwer, bei 5,30 Meter, an d’Cote de pré-alerte bei 6,20 Meter.

Giel also, Vigilance heescht an deem Fall, datt den Héichwaasserservice vun der Verwaltung d’Situatioun méi enk suivéiert. Ma wann et bei giel bleift, besteet keen Iwwerschwemmungsrisiko.

An der oranger Phase, also der Pré-Alerte, schwätzt d’Waasserverwaltung vun enger gerénger Héichwaassergefor, also lokalen Iwwerschwemmungen, déi och zu lokale Schied kënne féieren, a wou Campingen a Parkinge laanscht Waasserleef riskéieren, ënner Waasser ze stoen.

An der rouder Phase d’alerte gëtt et dann e groussen Héichwaasserrisiko an et besteet Gefor fir d’Mënschen a Gidder. Nach emol e konkret Beispill : Bei der Uelzecht am Pafendall läit d’Cote d’alerte bei 2,70 Meter. Am Juli 2021 war se do awer op 4,40 Meter geklommen. Déi rout Phase ass also no uewen op.

Giel, orange a rout Warnunge vu Meteolux funktionéieren anescht

RTL

D’Waasserverwaltung, déi hir Warnungen un d’Medie schéckt, orientéiert sech an hire Warnungen also no de Waasserleef. Anescht Meteolux, déi esouwuel Previsiounen un d’Medien schéckt, wéi och u Privat-Abonnéiert.

Meteolux deelt d’Land einfach an Norden a Süden, woubäi dëser Deeg dann d’Iwwerschwemmungsgefor am Süde mat “rout” extrem gewiescht wier, an am Norde mat “orange” net grad esou uerg. Esouguer an de Moosseenheeten, si sech déi eng an déi aner net eens. Meteolux moosst de Reen a Liter, d’Waasserverwaltung a Millimeter, déi falen. Hei gëtt dann op inondations.lu verwisen, der Iwwerschwemmungssäit vun der Waasserverwaltung.

inondations.lu 

Zanter dem schroen Héichwaasser am Juli 2021 huet d’Waasserverwaltung versicht, des Säit méi benotzerfrëndlech ze maachen. Deemools war op der Homepage keng Warnung affichéiert, an d’Verwaltung hat nodréiglech misse feststellen, datt d’Utilisateuren déi wichteg Informatiounen net op der Säit fonnt hunn. Elo stinn déi aktuell Warnungen op der Homepage (op der éischter Säit) affichéiert a fir d’Previsiounen ze fannen, muss een net méi grad esou vill klicken.

Faarfcode op "Meine Pegel" ass nees anescht 

RTL

Ma nieft hirer Websäit inondations.lu huet d’Waasserverwaltung an der Lescht ëmmer nees Reklamm fir d’mobil Applikatioun “Meine Pegel” gemaach, déi ee sech op sengem Telefon installéiere kann, fir informéiert ze bleiwen. Do kann ee sech effektiv individualiséiert Alerten astellen – fir e spezifesche Peegelstand op engem Waasserlaf, zum Beispill also, no doheem, wann een da weess oder erausfënnt, bei wéi engem Peegel et do kritesch gëtt.

Ma d’App operéiert nees mat engem anere Faarfcode a benotzt aner Moossunitéite fir hiren Alerte-System. Wärend also Meteolux eng orange Alerte fir den Norde vum Land weist, eng rout fir de Süden an d’Waasserverwaltung, fir all d'Waasserleef eng rout Alerte hat – ausser der Musel, wou se op giel stoung – huet “Meine Pegel” fir d’Musel an d’Sauer orange ugewisen. Hire Faarfcode geet vun däischtergro op mof, woubäi orange fir en Héichwaasser steet, dat all 10 Joer virkënnt.

Wat hu Gouvalert an Infocrise dës Kéier gemaach?

RTL

D’Waasserverwaltung huet schonn Neijoerschdag déi giel Phase op der Musel opgemaach an en Dënschden déi orange fir déi aner Waasserleef. Ween dat beispillsweis um Radio héieren huet an no de Detailer gesicht huet, huet awer weder an der Gouvalert-Applikatioun, nach op der Websäit Infocrise.lu d’Informatiounen zu dësen Alerte fonnt.

Gouvalert huet gewaart, bis dënschdes déi rout Phase declenchéiert gouf. SMSe, sou wéi se an deene leschte Méint ëmmer nees getest gi waren, goufe keng un d’Awunner laanscht d’Waasserleef verschéckt. Op der Websäit Infocrise war awer och déi rout Alerte zu kengem Moment affichéiert.