Trotz Expulsioun vum ParquetAlkoholiséierte Familljepapp no Mordmenacë géigeniwwer Fra festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Trotz Verbuet géint de Mann, seng Famill ze gesinn, gouf d'Police en Donneschdeg doriwwer informéiert, datt de Papp beim Haus wier a seng Fra menacéiert.

Am Kader vun haislecher Gewalt war dem Familljepapp vum Parquet scho verbuede ginn, bei seng Wunnadress zu Esch-Uelzecht ze goen. En Donneschdeg den Owend huet de Mann allerdéngs géint d’Expulsioun verstouss a war staark alkoholiséiert bei d’Haus gaangen, wou hie senger Fra Mordmenacë gemaach huet.

D’Beamte konnten de Mann nach op der Plaz untreffen a mat op de Büro huelen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Abriecher festgeholl

En Donneschdeg gouf der Police géint 6.10 Auer en Abroch an en Haus an der Rue Jean-François Boch am Rollengergronn gemellt. Op der Plaz hunn d’Polizisten zwou Persounen ugetraff, bei deene geklaut Géigestänn séchergestallt konnte ginn. Och si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Freideg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO