
Géint 23 Auer waren d’Beamte beim Gefier an hunn doropshi festgestallt, datt de Chauffer geschlof huet. En Alkoholtest ass positiv verlaf an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Kuerz drop war dann nach zu Mutfert en Auto gemellt ginn, deen a Schlaangelinne gefuer ass. D’Automobilistin konnt vun der Police gestoppt ginn. Nodeems den Alkoholtest positiv war, gouf och hei e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.