
No engem déidlechen Accident um Festival Winterlights am November 2019 um Stater Knuedler huet d’Chambre du Conseil vun der Cour d’Appel lo tranchéiert, datt 10 Ugekloter sech musse virun Geriicht veräntwerten.
Beim Accident war den zwee Joer alen Emran duerch Stécker vun enger Äisskulptur esou uerg verwonnt ginn, datt hien doropshin op der Plaz verscheet war. Nach Enn November dëst Joer haten d’Eltere sech bei RTL gemellt, well si zanter sechs Joer op Äntwerten ëm den Doud vun hirem Kand waarden.
Ënnert den Ugeklote sinn d’Skulpteure vun der Statue, d’asbl Luxembourg City Tourist Office an eenzel Mataarbechter vun der Associatioun grad wéi verschidde Salariéë vun der Stater Gemeng.
Dës néng beschëllegt Leit an d’Asbl musse sech also viru Geriicht wéinst dem Doud vum klenge Bouf veräntwerten, fréistens soll dat am Summer d’nächst Joer de Fall sinn.
De Prozess dréint ëm de Reproche vum Homicide involontaire.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.