
Am Moment kéime virun allem iwwert grouss Häfe wéi Rotterdam oder Antwerpen vill illegal Substanzen an Europa. De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden huet betount, datt de Kampf géint Droge fir d’Regierung eng Prioritéit wier. Et misst een an Zukunft méi séier mat den Nopeschlänner Donnéeën austauschen. Ma och am Grand-Duché selwer géif et nach Loft no uewen.
“Bei eis zu Lëtzebuerg musse mer konkret beim Informatiounsaustausch usetzen. Et gëtt mer och vun der Police gesot, datt et laang dauert, bis si Informatioune kënne viruginn, et muss ganz oft iwwert de Parquet gefuer ginn. Dat musse mer an engem konstruktiven Dialog mat de Justizautoritéite kucken, och mat der Justizministesch. Dann och d’Kooperatioun tëschent deene verschiddene Verwaltungen, wéi Douane a Police, ass och nach Loft no uewen.”
Et misst ee sech déi néideg juristesch Mëttele ginn, fir datt d’Verwaltungen op déi selwecht Informatioune kënnen zeréckgräifen. Am Moment géing ee Projet de loi ausgeschafft, bei deem Autosplacken op der Autobunn duerch Kameraen erkannt ginn. Ee weidere Sujet beim Conseil war d’Migratioun. Et géing drëms goen, d’Baussegrenzen ze schützen an doduerch de Schengenaccord um Liewen ze halen.
Dem Léon Gloden no misst een am Kader vun der Kooperatiounsaarbecht doriwwer nodenken, vu Länner, mat deenen een zesummeschafft, ze verlaangen, datt se hir Staatsbierger zeréckhuelen. Dobäi wier et awer ganz wichteg, datt d’Mënscherechter respektéiert ginn. Beim Treffe vun den EU-Inneministere war och den ukraineschen Homolog bäigeschalt. Dobäi gouf virun allem festgestallt, datt d’Ukrain grouss Progrèse beim Kampf géint den illegale Waffeschmuggel maache géing. Ugesiichts der Tatsaach, datt sech d’Ukrain matten an engem Krich befënnt, wier dat eng bemierkenswäert Leeschtung, esou de Léon Gloden.