Am Fall vum temporär suspendéierte ChirurgAMMD schwätzt vun enger frontaler Attack op déi liberal Medezin

Marlène Clement
Am Fall vun enger partieller Suspendéierung vun engem Chirurg aus den Hôpitaux Robert Schuman, seet de President vun der AMMD sech um RTL-Mikro alles anescht ewéi zefridden.
Suspendéierte Chirurg: AMMD schwätzt vu medialer Hetzjuegd
Am Fall vun enger partieller Suspendéierung vun engem Chirurg aus den HRS, seet de President vun der AMMD sech um RTL-Mikro alles anescht ewéi zefridden.

Den orthopädesche Chirurg gouf vu Confrèren aus dem CHL denoncéiert, wéinst dem Verdacht onnéideg Knéi-Operatioune bei Patienten duerchgefouert ze hunn. Hie gouf doropshi virleefeg suspendéiert, wéi säin Affekot e Freideg de Moien an engem Schreiwes confirméiert huet. D’Dokteschassociatioun schwätzt vun enger frontaler Attack op déi liberal Medezin an d’Dokterschaft zu Lëtzebuerg.

Suspendéierte Chirurg: AMMD schwätzt vu medialer Hetzjuegd / Rep Marlène Clement

“Et ass hei net ewéi an engem Rechtsstaat. Et sinn Accusatiounen op Grond vun anonymmen Accusatiounen, wou da quasi ee Confrère vun eis hei ëffentlech higeriicht gëtt, ouni wierklech d’Méiglechkeet ze hunn, sech ze rechtfäerdegen, respektiv sech ze erklären”, kritiséiert de President vun der AMMD, Chris Roller. Et wier ee schockéiert wéi d’Medien, awer och d’Gesondheetsministesch an de Collège medical de Fall géingen traitéieren.

“D’Madamm Deprez ass gëschter an der Chamber gewiescht. Si huet geschwat vun engem Eenzelfall an insgesamt wär d’medezinesch Versuergung zu Lëtzebuerg awer ganz gutt. Dat ass jo scho vun der Rhetorik esou, wéi wann dee beschëllegte Confrère elo rechtskräfteg verurteelt wier. An dat ass natierlech eppes, wat mer esou net kënnen hinhuelen.”

D’AMMD géing drop vertrauen, datt de Fall rechtsstaatlech vun de jeeweilegen Autoritéite géing relativ séier opgekläert ginn, esou hire President. Et misst ee Kloerheet an den Dossier kréien, esouwuel fir d’Patienten, ewéi fir de beschëllegte Confrère.

“Et muss gekuckt ginn, wéi et zu deene Beschëllegunge koum, da muss sécherlech dee Confrère ugehéiert ginn, an e muss d’Méiglechkeet hu sech, wéi d’Gesetz et virgehäit, ze verdeedegen.”

Eng hallef Dosen Dokteren aus dem Ëmfeld vum beschëllegten Dokter hu sech e Freideg de Moien an engem Bréif un d’Press geriicht mat änlechen Aussoen. Si weise sech besuergt driwwer, wéi hire Kolleeg an de Medie behandelt géif ginn. D’Patientevertriedung huet hirersäits en Donneschdeg an de soziale Medien en Opruff gemaach, datt Betraffener sech solle bei der Associatioun mellen. Allgemeng sollte Patienten net zécken en zweeten Avis ze froen, rappeléiert de Georges Klees vun der Patientevertriedung.

“Dat heescht, wann een en Doute huet, wann ee seet, hei ass dat alles richteg gelaf, gitt huelt iech eng zweet Meenung. A la limite, wann dir en Doute hutt, kënnen d’Leit sech och bei eis mellen. Mir soen hinnen da, wéi se solle virgoen. Normalerweis soe mer hinnen, frot emol fir d’éischt Ären Dossier un.”

Eng Dose Leit hätte bis ewell op hiren Opruff reagéiert, sot de Georges Klees e Freideg de Moien. D’Patientevertriedung geet dovunner aus, datt et der an den nächste Stonnen an Deeg nach méi wäerte ginn.

RTL hat beim concernéierten Dokter eng Reaktioun gefrot, ma krut bis ewell keng.


Liest dozou nach:


Back to Top
CIM LOGO