Reprochen zeréckgewisenAffekot vum Orthopäd nennt Suspendéierung "grave Verstouss" géint d’Rechtsstaatlechkeet

Carine Lemmer
Raphaëlle Dickes
Den Affekot vum Orthopäd reagéiert e Freideg de Moien an engem Communiqué a confirméiert eng partiell Suspendéierung vum Beruffsrecht vu sengem Mandant.
© RTL

Den orthopädesche Chirurg aus den Hôpitaux Robert Schuman, deen onnéideg Operatiounen um Knéi reprochéiert kritt an dowéinst intern suspendéiert gouf, ass en Donneschdeg RTL-Informatiounen no och vun der Gesondheets- a Sozialministesch temporär fir Operatioune baussent dem Spidol suspendéiert ginn.

Den Dokter géif all Reprochen, déi op anonymmen Denonciatioune berouen, vu sech weisen, huet e Freideg de Moie säin Affekot an engem Communiqué matgedeelt.

D’Decisioun vun der Ministesch Martine Deprez wär e grave Verstouss géint d’Grondprinzippie vun der Rechtsstaatlechkeet. Et wär eng willkürlech an disproportionéiert Decisioun, déi dauerhaft an onjustifiéiert de Ruff vum Dokter géif schiedegen - e Medezinner, dee fir seng Kompetenz a säi Sënn fir Responsabilitéit unerkannt wär. Dofir mécht een och Recours virum Verwaltungsgeriicht, sou den Affekot vum Orthopäd Maître François Prum.

Communiqué vum Maitre Prum.pdf

Aner Doktere melle sech zu Wuert

Mir kruten dann och e Bréif vun Dokteren aus dem Ëmfeld vum beschëllegten Dokter. Déi weise sech besuergt driwwer, wéi hire Kolleeg an de Medie behandelt géif ginn. Den Dokter stéing virum “Mediegeriicht”. D’Accusatioune wieren ëffentlech gemaach ginn, ouni datt d’Faiten uerdentlech iwwerpréift gi wieren oder konkret Beweiser virgeluecht gi wieren. Si géifen eng richteg “Medien-Hetz” erliewen, obwuel de concernéierten Dokter seng Versioun net ganz hätt kënnen duerleeën.

RTL hat beim concernéierten Dokter eng Reaktioun gefrot, ma krut bis ewell keng.

D’Dokteren, déi sech elo ze Wuert gemellt hunn, ouni hiren Numm ze nennen, weise sech ganz besuergt iwwer déi hefteg Äusserungen, d’Feindséilegkeet an de Mépris, deenen dëse Chirurg ausgesat ass. Bis hin zum Wonsch, säi berufflecht a perséinlecht Liewen ze zerstéieren. An all Rechtsstaat misst jiddereen, bis de Contraire bewisen ass, als onschëlleg ugesi ginn. Dës Selbstverständlechkeet wär awer anscheinend vergiess ginn, schreiwen Doktesch-Kolleege vum Orthopäd. D’Medezin wär en usprochsvollen a komplexe Beruff an net eng onfeelbar Wëssenschaft.

Als Rappel: D’Affär ass public a vun RTL opgegraff ginn, nodeems viru gutt zwou Woche sechs Dokteren aus de Servicer vun der orthopädescher Chirurgie a vun der Sportsmedezin am CHL grave Reprochë géint e Confrère aus den Hôpitaux Robert Schuman erhuewen hunn. Si hunn der Direktesch vum CHL geschriwwen a vun onnéidegen Operatiounen um Knéi geschwat. D’Patiente koumen duerno deels an de CHL fir weider behandelt ginn.

Temporär suspendéiert, wéi geet et virun?

“De Fall ass nach a Prozedur an et gëllt d’Presomption d’innocence”, sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez nach en Donneschdeg Nomëtteg an der Chamber. Ob de concernéierte Knéi-Chirurg antëscht seng Autorisatioun fir ze exerzéieren entzu krut, doriwwer wollt de Gesondheetsministère sech op RTL-Nofro net äusseren.

“Fir ze garantéieren, datt d’Prozeduren ënner optimale Konditioune kënne weidergefouert ginn a fir d’Patienten ze schützen, kënne mir Iech keng genau Detailer zu engem Eenzelfall ginn”, huet et an enger schrëftlecher Äntwert geheescht.

RTL-Informatiounen no ass awer eng Decisioun gefall, ob a wéi deen Dokter nach baussent dem Spidol däerf praktizéieren. Wéi et heescht, hätt d’Martine Deprez decidéiert, datt den Dokter den Ament just nach Patienten dierft gesinn, awer keng Operatioune méi maachen.

Elo mol Suspensioun vu bis zu dräi Méint

De Fall vun enger provisorescher Suspensioun ass am Artikel 16, Paragraf 2 vum Gesetz vun 1983 gereegelt iwwer d’Ausübe vun de Beruffer vum Dokter, Zänndokter a Veterinär. De Paragraf 2 hält fest, datt de Minister engem Dokter säin Droit d’exercice mat Effet immediat kann entzéien oder him gewësse Restriktioune kann operleeën, de Fall gesat, et besteet ee Risk, datt d’Gesondheet oder d’Sécherheet vu Patienten oder Drëttpersoune schwéier zu Schued kéint kommen, sollt den Dokter weider exerzéieren.

Fir eng temporär Suspensioun muss en Avis vum collège médical virleien an de betraffenen Dokter muss gehéiert ginn. Déi temporär Suspensioun muss motivéiert ginn a kann an enger éischter Phas net méi laang wéi dräi Méint daueren.

Dräi Experte ginn designéiert

Ier den Delai ofgelaf ass, muss de Minister opgrond vun engem Rapport d’expertise decidéieren, ob den Dokter nees exerzéieren dierf, seng Suspensioun verlängert gëtt oder hie seng Autorisatioun entzu kritt.
De Rapport d’expertise gëtt opgrond vun dräi Experten erstallt. Deen éischte gëtt vum Dokter selwer designéiert, deen zweete vum Direkter vun der Santé an een drëtte vum Dokter an dem Santésdirekter zesummen. Esou ass et et am Paragraf 1 vum Artikel 16 festgehalen. Eng temporär Suspensioun dierf net méi wéi zwee Joer daueren. Huet de Ministère seng Entscheedung getraff, ginn de Collège medical, de Spidolsfederatioun FHL an dat betraffent Spidol informéiert, an deem den Dokter bis dohinner exerzéiert huet.

Hôpitaux Robert Schuman hate jo en Dënschdeg schonn decidéiert, den Dokter provisoresch ze suspendéieren. Dat bedeit, datt hien net méi am Spidol operéieren oder soss medezinesch Interventioune maachen dierf. De Fall gesat, de Chirurg hätt als liberalen Dokter e private Cabinet am Spidol, kéint hien do awer lo mol nach weider Patiente gesinn.

Back to Top
CIM LOGO