Eemol duerch de Keller, eemol iwwert d'TerrassAn de leschte Stonne gouf d'Police e puer Mol wéinst Abréch geruff

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwee verschidden Abréch, wéinst deenen elo Ermëttlunge lafen.

E Freideg am Nomëtteg gouf et beispillsweis en Abroch zu Bouneweg, dat an der Rue d’Ivoix. Hei soll den Täter éischten Informatiounen no d’Fënster vun enger Kellerdier zerschloen a sech sou Zoutrëtt an en Eefamilljenhaus verschaaft huet. D’Haus gouf dobäi duerchwullt.

Méi spéit am Owend gouf et dann nach en Abroch zu Rëmeleng an der Rue Henri Luck, dat och an en Eefamilljenhaus. Hei hu sech Täter Zougang iwwert d’Fënster vun enger Terrass verschaaft. Och hei gouf alles duerchwullt, Boergeld a Bijoue goufe matgeholl.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.

Wéi kënnt Dir Iech preventiv virun Abréch schützen? Gitt et op dësem Site vun der Police gewuer!

Back to Top
CIM LOGO