38.918 Leit hunn 2025 fir de Staat geschafftAn der Fonction publique gouf an de leschte Jore massiv rekrutéiert
Zejoert hunn 38.918 Leit fir de Staat geschafft. Am Verglach: 2021 waren et der 32.842.
An der héchster Gehälterklass A1 si bannent fënnef Joer ronn 3.000 Leit bäikomm. An "Equivalent temps plein" ausgedréckt sinn et der 2.698 méi, eleng an där Karriär. Ënnert anerem d'Steieramt an d'Justiz kruten eng ganz Partie Poste bäi.
Déi Zuele liwweren de Premier Luc Frieden an de Minister fir d'Fonction publique Serge Wilmes an hirer gemeinsamer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Ben Polidori.