
Déi aktuell Tripartite-Mesurë solle jo verlängert ginn. Dat begréisst d'Staatsbeamtegewerkschaft. Op hirer Generalversammlung huet d'CGFP awer zwou Konditiounen festgehalen:
Dispositioune missten onverännert bleiwen an d'Verlängerung däerf net iwwer 3 Méint erausgoen.
Dës Limitt géif et erlabe eng genee Analys ze maachen, wéi d'Situatioun evaluéiert a wéi et soll weider goen. Mat dëser Fuerderung wëll d'CGFP och en Donneschden an d'Reunioun vum "Comité de Suivi vun der Tripartite" goen.