
Um Dënschdeg am Laf vum Mëtteg gouf dunn ugefaangen, déi Gefierer, déi net um "-1" stoungen, aus der Déifgarage ze bréngen. Donieft gouf awer och Aarbechtsmaterial op d'Plaz bruecht, fir de Plafong an de Buedem ze sécheren.
Kuerz viru Mëtteg um Méindeg waren d'Rettungsdéngschter an de Parking um Rousegäertche geruff ginn.
5 Autoe hate Feier gefaangen. D'Pompjeeën haten de Brand no 2 Stonnen ënner Kontroll. Blesséiert gouf beim Virfall keen.
D'Nei Avenue war fir de Verkéier gespaart, ausser fir d'Busser.